Prozess géint fréieren Assistant social"Wat si wollten, war net hien, mee seng Hëllef"

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg war de leschten Dag vum Prozess géint e fréieren Assistant social, deen an engem Office sociale vun der Gemeng Suessem geschafft huet.
Prozess géint fréieren Assistant social
En Donneschdeg war de leschten Dag vum Prozess géint e fréieren Assistant social, deen an engem Office sociale vun der Gemeng Suessem geschafft huet.

De Beschëllegte kritt reprochéiert tëschent 2010 an 2019 néng Frae sexuell belästegt ze hunn, déi am Office social eng Hëllef ugefrot hunn. An engem Fall geet Rieds vun enger Vergewaltegung Enn 2019 hu Mataarbechterinnen vum 57 Joer alen Ugekloten de Schäfferot dorop higewisen, nodeems direkt e puer Frae sech hinnen uvertraut haten. Kuerz duerno gouf hie suspendéiert an op Uerder vum Parquet gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Iwwer déi lescht dräi Deeg goufen et eng ganz Partie Zeienaussoen viru Geriicht, déi all ganz änlech ausfalen, och wann d’Gravitéit vun de Fäll variéiert. D’Lëscht vun den Accusatiounen ass laang: Direkt e puer Fraen hunn uginn, de fréieren Assistant social hätt si a sengem Büro ëmäermelt, ugepak oder probéiert, se op de Mond ze këssen. De Familljepapp wier onugemellt virun hirer Hausdier opgetaucht. Verschiddener soen och, hien hätt si menacéiert a gesot, hie géing d’Ficellen zéien an hie wier gudde Kolleeg mam Buergermeeschter. Eng Fra seet, si wier vun him bei sech doheem vergewaltegt ginn, wat den Ugekloten awer komplett ofstreit. Et wier zwar wuel eng Kéier zu engem sexuellen Akt komm, si wier awer domat averstane gewiescht. Der Procureure no besteet awer keen Zweiwel un der Fra hirer Ausso. Och Messagen, déi de Beschëllegten dem presuméierten Affer iwwer Méint geschéckt hätt, géinge weisen, datt déi Unzéiung ni op Géigesäitegkeet berout hätt. Si hätt ganz kloer gewisen,  datt si dat net wollt.

D’Faite wieren ee Reflet vun engem methodeschen, quasi systematesche Mëssbrauch vun enger Muechtpositioun, esou d’Procureure, déi eng Prisongsstrof vun néng Joer fuerdert. Déi Fraen hätten ni hie gewollt, mee seng Hëllef. Den Affekot vum Ugeklote freet, de Reproche vum Viol falen ze loossen a wann iwwerhaapt Prisong, da mat integralem Sursis. Säi Mandant hätt sech a verschidde Fäll deplacéiert beholl, hie wéisst dat och a wier an Therapie gaangen, fir datt dat net méi virkënnt. Hien hätt awer keng Fra vergewaltegt. Et géif och keng Beweiser dofir ginn. Et wier Ausso géint Ausso.

Den deemolege Suessemer Buergermeeschter Georges Engel wëll wéinst dem lafende Prozess keen Interview ginn. Op Nofro hin huet hien awer betount, bis Uganks November 2019 näischt vun de Reprochen géint de Mataarbechter vum Office social gewosst ze hunn an direkt reagéiert ze hunn, wéi en drop opmierksam gemaach gouf. Nach den Dag selwer hätt de Schäfferot de Beschëllegte vu senger Aarbecht fräigestallt. Hie perséinlech wier schockéiert gewiescht, vun deem wat deem Mann virgeworf gëtt.  Et wier sécher keen Deckel drop gehal ginn. Eent vun den Affer hat um éischte Prozessdag ausgesot, de Buergermeeschter schonn éischter mat de Faiten konfrontéiert ze hunn. Deen hätt awer näischt ënnerholl.

D’Gemeng Suessem freet iwwerdeems als Partie civile 480.000€ vum Ugekloten. Dat ass de Salaire, deen hien dräi Joer laang krut, wéi hie suspendéiert gouf. Virun dräi Joer gouf hien op Decisioun vum Conseil de discipline revoquéiert a schafft op enger anerer Plaz als Assistant social.

D’Urteel gëtt de 16. Oktober gesprach.

RTL-News: Suite vum Prozess géint fréieren Assistant social - Schwéieren Ament fir d'Affer: "Hien huet mech komplett futti gemaach"
RTL-News: Um Geriicht - Prozess géint fréieren Assistant social wéinst Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch

Back to Top
CIM LOGO