Initiative pour un devoir de vigilanceWéi eng Parteie setze sech fir Mënscherechter an?

Annick Goerens
D'Initiative pour un devoir de vigilance hat de Spëtzekandidate vun de Parteien am Virfeld vun de Wale verschidde Froe gestallt.
© Initiative pour un devoir de vigilance

An de Parteiprogrammer fanne sech ganz vill Zitat “Allgemeng Allerweltsfloskelen”, hannert deenen ee sech gutt ka verstoppen. Genee aus dem Grond wollt d‘Initiative pour un devoir de vigilance am Virfeld vun de Walen, méi konkret vun de Spëtzekandidate gewuer ginn, wéi si sech fir d‘Mënscherechter an den Entreprise géingen asetzen, sollte si gewielt ginn. D‘Resultat ass eendeiteg.

Devoir de Vigilance Nationalwalen / Reportage: Annick Goerens

D’Initiativ gëtt keng Walrecommandatioun. Allerdéngs héiert ee ganz kloer eraus, wat fir hire Wonsch: nämlech e staarkt nationaalt Liwwerkettengesetz mat dem d‘Mënscherechter an den Entreprise musse respektéiert ginn - misst geschéien. Den President vun der Initiative Jean-Louis Zeien:

Do sinn mer natierlech ganz frou, dass d‘Spëtzekandidaten Sam Tanson (déi Gréng), Paulette Lenert (LSAP), Marc Baum (déi Lénk) a Sven Clement (Piraten) sech egal wéi fir eng Responsabiliséierung um Niveau vun de Mënscherechter vun den Entreprisen hei zu Lëtzebuerg ausschwätzen. Et ass kloer, dass de Luc Frieden (CSV) an den Lex Delles (DP) hei mat engem “Nee” geäntwert hunn an de Fred Keup huet guer net geäntwert.”

Souguer wann also eng europäesch Direktiv an dem Sënn géing scheiteren, géinge sech déi Gréng, d‘LSAP, déi Lénk an d’Piraten also fir e nationaalt Liwwerkettegesetz asetzen. De Bléck misst donieft awer och op eiser Finanzplaz leien, déi méi nohalteg misst ginn.

“All Politiker, all Vertrieder vun der Finanzplaz, se soen alleguerten ‘ma mir sinn fir eng nohalteg Finanzplaz’ a wann mer da froen ‘ma da komm, hei hues de mat eisem Gesetz e gudde Moyen, dat ëmzesetzen’. Dann heescht et ‘ahh nee, dat wëlle mer net esou verstanen hunn’.”

© Annick Goerens

Genee dofir huet d‘Initiativ pour un devoir de vigilance elo Tacheles vun de Parteie gefuerdert. An ass souguer bëssi erstaunt iwwer d‘Resultat zu der Fro op d‘Finanzplaz an d‘Investment-Fonge sollen mat an d‘Gesetz agebonne ginn.

“Do sinn alleguer d‘Spëtzekandidaten déi sech fir eng Responsabiliséierung vum ganzen Finanzsecteur inklusiv den Investmentfongen ausgeschwat hunn, interessanterweis an och wichtegerweis inklusiv och dem fréieren Finanzminister Luc Frieden.”

Et hätt een iwwerdeems bedauert, dass d’DP mam Lex Delles sech bei zwou Froen enthalen huet a bei 3 Froen “Nee” geäntwert huet. Mä domat wier et och kloer, wéi eng Partei dës Legislaturperiod am meeschte gebremst hätt, wann et drëms gaangen ass, national am Beräich Mënscherechter an Entreprisen ze legiferéieren, sou den Jean-Louis Zeien.

PDF: De Communiqué vun der Initiative pour un devoir de vigilance

Back to Top
CIM LOGO