
D'Regierung wëll dofir méi preventiv iwwer extrem Wieder-Situatiounen jee no Joreszäit informéieren, esou datt och d'Privatleit sech op potenziell Geforen kënne preparéieren. Elo am Hierscht ass et virun allem de Risiko vum Héichwaasser dee klëmmt, dofir gouf et haut op enger Pressekonferenz méi Informatiounen vum Ëmweltminister Serge Wilmes a Vertrieder vum Waasserwirtschaftsamt.
Och wann d'Wieder aktuell et ee scho bal vergiesse léisst, mee et war effektiv ee Rekord-Summer souwuel wat d'Temperaturen ugeet, mee och d'Dréchent. Vill Baachen a Flëss waren op extreem niddrege Peegelen, oder deels esou guer ganz ausgedréchent. Elo kann ee sech natierlech soen: Haut reent et, also alles gutt? Net wierklech: Grad well d'Biedem esou dréche sinn, ass de Risiko fir Héichwaasser méi grouss, wéi de Christophe Gilbertz vum Waasserwirtschaftsamt erkläert:
"Et ass leider eeben esou, datt och elo wann et eebe reent, dee Reen net direkt kann an de Buedem infiltréieren, well d'Biedem eeben ausgedréchent sinn. Grad an den ieweschte Couchë si se extreem dréchen. Dat heescht, grad wann et elo géif extreem vill beieneen reenen, esou staark reenen, wéi mer och beispillsweis eebe virun engem Joer am September 2025 haten, esou e Reen kann dann net esou einfach vum Buedem opgeholl ginn, et géif dann eeben iwwerflächlech oflafen. An dowéinst ass dat problematesch a kéint eeben och dann zu Héichwaasser féieren."
Dofir ass och de Site inondations.lu nei gemaach ginn: Mat méi realistesche Previsiounen an och bessere Kapazitéiten soll de Site méi accessibel an och Notzer-frëndlech ginn. Esou kann ee sech iwwer déi aktuell Wieder-Situatioun informéieren an och kucken, wéi reell een Iwwerschwemmungs-Risiko ass.
Am Allgemengen wëll d'Regierung saisonal besser informéieren, well zu all Joreszäit ginn et Situatiounen, op déi ee sech preventiv preparéiere kann. De Klimawandel mécht esou munch Extrem-Wieder Situatiounen méi realistesch, deemno gëtt de Staat och eng Rei Hëllefen, iwwer déi besser informéiert soll ginn. Esou och a Fäll vun Iwwerschwemmungen. Dozou den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes:
"Do gëtt et finanziell Hëllefen, fir kënne Barriären ze installéieren, viru sengen Dieren, viru Fënsteren an et kritt een och eng Berodung. An dat ass jo och ganz wichteg, datt een einfach weess, et ass een net eleng. D'Regierung huet Mesuren en place gesat, déi ee kann notzen als Bierger, awer mir musse permanent doriwwer informéieren, mat och jiddweree matkritt, datt dat existéiert. An dat ass och de Sënn an Zweck vun deem heiten neien saisonalen Informatiounspunkt."
Iwwer de Site fënnt ee schonn eng Rei Informatiounen, och iwwer méiglech Hëllefen. Ma net just do soll ee sech informéieren: Iwwer de Geoportail kann een nämlech och méi genee gewuer ginn, ob een an enger Risiko-Zon wunnt oder net, esou de Claude Schortgen vum Waasserwirtschaftsamt:
"Mir roden de Leit einfach de Site opzemaachen, do gëtt et uewen eng Suchleiste, do kann ee ganz einfach seng Adress aginn an da gëtt een op déi Plaz gezoomt an da kann ee sech op der lénker Säit duerch déi eenzel Layeren, wéi een dat nennt, duerchklicken. Da kann een déi eenzel Karte sech do umaachen a kucken eeben, wéi d'Gefärdungssituatioun fir ee selwer an deem Moment ass."
Et gëtt dann och net eng spezifesch Recommandatioun: All Situatioun wier anescht. Jee no deem wéi eng Alerte et gëtt, ginn et verschidde Mesuren, déi een ënnerhuele kann, wéi de Keller ausraumen, Barrièren opriichten oder och nach de Stroum ausmaachen.