"Feuille de route" am JuliWéi sollen d'Lëtzebuerger Verdeedegungsziler erreecht ginn?

RTL Lëtzebuerg
Am Juli wëll de Verdeedegungsministère eng deementspriechend "Feuille de route" presentéieren, um Nato-Sommet zu Washington.

Dat schreiwen d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an de Finanzminister Gilles Roth an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo.

Am Zentrum vun der Defense-Strategie vun den nächste Jore géing de belsch-lëtzebuergesche Batailloun stoen. Donieft sollen d’Militärkapazitéiten an der Loft-, am Cyber- an am Weltraum ausgebaut ginn. De Budget fir d’Defense soll bis 2028 op 1 Prozent vum PIB klammen a mëttelfristeg op 2 Prozent vum Revenu national brut (RNB).

D’Ministere rappelléieren, datt Lëtzebuerg sech um Nato-Sommet zu Vilnius am Juli 2023 ënnert der viregter Regierung dofir engagéiert huet, déi nei Regierung hätt dës Decisioun am Koalitiounsaccord confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO