Nofollger vum Yves PironXavier Poos gëtt neien Direkter vum ONA
RTL Lëtzebuerg
De Xavier Poos gëtt neien Direkter vum Office national de l'accueil. Domat iwwerhëlt hien d'Successioun vum Yves Piron, deem säi Mandat Enn des Jores eriwwer ass.
De Xavier Poos ass Ekonomist vu Formatioun, an huet méi wéi 10 Joer als Adjoint an der Direktioun vun der Santé geschafft. Un der Spëtzt vum ONA, këmmert hie sech da vun nächstem Joer un ëm den Accueil vun Asyldemandeuren.
Liest hei d'Schreiwes vum Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil