Traditionelle Rendez-vous e FreidegZanter 25 Joer feieren d'Lëtzebuerger Studenten um Studentebal

Céline Eischen
Et ass ee feste Rendez-vous am Kalenner vun deene meeschte Lëtzebuerger Studenten: de Studentebal vun der ACEL.
Zanter 25 organiséiert d'ACEL elo schonn den traditionelle Studentebal.
© RTL

Op der Wiss nieft dem Parking Bouillon feieren e Freideg den Owend nees ronn 4.000 Lëtzebuerger Studenten aus deene verschiddenste Studentestied zesummen. Wéi all Joers këmmere sech déi verschidde Cerclen ëm d'Gedrénks: Je no Studentestad ginn et dann och déi passend Cocktailen.

Dëst Joer ass dann eng méi speziell Editioun: Et ass déi 25. Kéier datt d'ACEL de Studentebal organiséiert. Dat gëtt dëst Joer mat enger spezieller Drëpp, der MirACEL, gefeiert.

Zanter 25 Joer feieren d'Lëtzebuerger Studenten um Studentebal
Et ass ee feste Rendez-vous am Kalenner vun deene meeschte Lëtzebuerger Studenten: de Studentebal vun der ACEL.

Back to Top
CIM LOGO