Ëmweltschiedlechen MikroplastikZigaretten op de Buedem ze geheien, ass kee Kavaléiersdelikt

Maxime Gillen
Datt Fëmmen net gutt fir d'Gesondheet ass, dat ass gewosst. Ma och d'Zigarett u sech ass schiedlech.
© Pexels

Datt een och senger Gesondheet schued, wann ee säin Zigarettestomp op de Buedem geheit, ass villäicht nach net all Mënsch bewosst.

D’Ëmwelt- a Waasserverwaltungen hunn elo zesumme mat der Valorlux eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert, fir op déi negativ Konsequenzen opmierksam ze maachen, wann Zigarettestëmp net am Äschebecher mä um Buedem leien.

Zigaretten an der Ëmwelt / Reportage: Maxime Gillen

Et gesäit een se iwwerall, op de Busarrêten, laanscht d’Stroossen oder och soss op all ëffentlecher Plaz, wou e puer méi Leit ënnerwee sinn. Ma dëse klenge Geste, fir seng Zigarett, déi ee fäerdeg gefëmmt huet, op de Buedem ze geheien, huet grav Konsequenzen, betount d’Sophie Thinnes vun der Ëmweltverwaltung.

“Et ass e klenge Gest, deen oft iwwergaangen ass an d’Gewunnechten, an dee vun de Leit och als banal ugesi gëtt. Mä wann ee sech awer eng Kéier d’Konsequenzen an och d’Unzuel vun deem Littering virun A féiert, da gesäit een, dass de Problem vläicht net esou kleng ass, an dass eigentlech jiddwereen do ka säi Bäitrag leeschten.“

Effektiv sollen eleng zu Lëtzebuerg méi wéi 100 Milliounen Zigarettestëmp um Buedem leien. Weltwäit géifen all Dag 11 Milliarden Zigaretten op de Buedem geheit ginn. An eppes manner wéi d‘Hallschent dovu lant um Enn an de Mierer, wéi d‘Sophie Thinnes erkläert.

“En Zigarettestomp, deen an der Ëmwelt lant ass a verschiddenen Hisiichte problematesch. Éischtens mol besteet e Stomp aus Plastik, dee sech no laanger Zäit a Mikroplastik zersetzt. De Mikroplastik, et gesäit een en zwar net méi, mee bleift awer ëmmer an der Natur zeréck an e gelaangt och esou an eis Gewässer a schlussendlech och an eis Nahrungsketten. Donieft muss een natierlech och soen, dass en Zigarettestomp verschidde chemesch Stoffer enthält, wéi zum Beispill Nikotin, an déi och beim Zersetzen dann erausgeléist ginn.“

A wien elo gemengt hat, e géif eppes Gutts maachen, wann e seng Zigarett an de Gulli geheit, deem sief gesot, datt se doduerch ënner Ëmstänn direkt an d‘Gewässer kënnt a well se esou kleng ass, kaum nach kann erausgefiltert ginn.

Dowéinst wëll een d‘Fëmmerte motivéieren, hir Gewunnechten ze änneren an en Äschebecher ze benotzen. Ënnert anerem sollen am Kader vun där Campagne dann och kleng Täschen-Äschebecher verdeelt ginn.

A wiem den Ëmweltschutz elo net genuch Motivatioun ass, dee sief drun erënnert, datt een zanter 2021 145 Euro muss berappen, wann een dobäi erwëscht gëtt, wann een eng Zigarett op de Buedem geheit.

Back to Top
CIM LOGO