Police sicht Zeien no Virfall e MéindegZu Diddeleng sinn zwee Hënn unenee geroden, ee gouf uerg verwonnt

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Mëttwoch en Zeienopruff lancéiert wéinst engem Virfall mat zwee Hënn e Méindeg de Mëtteg zu Diddeleng.
© RTL Grafik

Géint 12.40 Auer e Méindeg waren um Wanderwee “Sendemast” zu Diddeleng zwee Hënn unenee geroden. Wéi d’Police elo mellt, gouf ee vun den Hënn dobäi schwéier blesséiert. An deem Zesummenhang ginn no Zeie gesicht, déi gesinn hunn, wat genee geschitt ass. All Informatioun ass fir d’Diddelenger Police um Nummer (+352) 244 69 1000 oder per E-Mail op police.dudelange@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO