
RTL krut e Méindeg an der Mëttesstonn d’Informatioun, dass an engem Auto d’Läich vun engem Mann fonnt gouf. Nodeems direkt d’Ufro bei der Police gemaach gouf, dëst ze bestätegen, krute mer den Dag drop dës Informatioune vum Pressebüro vun der Police matgedeelt:
“D’Police gouf e Méindeg den 8. Dezember géinter 06.45 Auer vum CGDIS informéiert, datt hinnen eng Persoun an engem Auto zu Rued gemellt gouf, déi net méi ootme géing a reaniméiert misst ginn.
D’Rettungsdéngschter op der Plaz hunn doropshi versicht de Mann ze reaniméieren, allerdéngs konnt just nach den Doud vum Mann festgestallt ginn.
De Parquet huet eng Autopsie ugefrot, fir déi genee Doudesursaach festzestellen.”
Op Nofro hin huet d’Police dann nach preziséiert, dass et sech ëm Rued bei Ell handelt.