
Zanter Corona wier d’Zuel vun de Krankmeldungen ëm 40% an d’Luucht gaangen, gouf dës Woch nach emol um Neijoerschpatt vun der Handwierkerfederatioun monéiert. Dëse Chiffer baséiert op enger interner Ëmfro, déi den Daachverband vum Patronat d’UEL zejoert bei 900 Betriber duerchgefouert huet.
Aus de leschten offizielle Statistiken iwwer den Absenteismus vum Santés- a Sécurité sociales-Ministère zesumme mat der Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS) kann ee sou eng Progressioun allerdéngs net erausliesen. Déi lescht offiziell Chifferen, déi am Oktober zejoert verëffentlecht gi sinn, erfaassen d’Krankschreiwungen am Privatsecteur bis 2023 mat. Dat Joer louch den Absenteismus bei 4,6% an ass domadder ëm 11% par rapport zum Joer virdrun erofgaangen.

Gesamtkäschtepunkt ronn 1,17 Milliarden* Euro. Dat sinn 3% manner wéi d’Joer virdrun. Allerdéngs och 26% méi wéi nach 2021. Et ass net vun der Hand ze weisen, datt an de leschte Joren d’Zuel vun de Krankschreiwungen zu Lëtzebuerg eropgaangen ass. 2014 louch den Absenteismustaux nach bei 3,7%. Zanter Covid ass den Taux net méi ënner 4% gefall ass. Souguer da wann ee statistesch déi exzeptionell Krankschreiwungen, Isolatiounen a Quarantäne wéinst Corona erausrechent.
D’Santé an d’Sozialberuffer sinn déi Secteuren, an deenen den Absenteismus mat 6% 2023 am héchste war. Dat läit dorunner, datt d’Mataarbechter engersäits méi ustiechende Krankheeten ausgesat sinn an anerersäits aus Precautioun éischter doheem bleiwen. Duerno kommen de Bau an den Horecasecteur.
Statistesch gesi feele Leit, déi eng manuell Tâche hunn däitlech méi wéi aner Salariéen. Dat selwecht gëllt fir Fraen, déi keng Residentë sinn. Dee Constat ass net nei a gouf schonn an der Vergaangenheet doduerch erkläert, datt dëst wuel mat der Betreiung vu kranke Kanner zesummenhänke kéint.

D’Inspection générale de la sécurité sociale mécht all Joer en detailléierte Bilan vum Phänomen vum Absenteismus zu Lëtzebuerg. Am Rapport kann een och noliesen, wéi eng Krankheete fir d’Krankeschäiner responsabel sinn a wéi laang déi verschidde Leit krank geschriwwe sinn. Den “Observatoire de l’absentéisme”, deen zwee Joer no der Aféierung vum Statut unique ënnert der deemoleger CSV-LSAP-Regierung kreéiert gouf, ass an där Form net méi aktiv.
*An enger éischter Versioun hate mir vu Milliounen amplaz Milliarde geschwat.
RTL-Artikel (24.1.25): Martine Deprez: “Dës Regierung féiert kee Karenzdag an”