Bei Miersch an zu FéizZwee alkoholiséiert Automobilisten an Accidenter verwéckelt

Jeff Birsens
Der Police goufen de Weekend zwee verschidden Accidenter gemellt, bei deene de Chauffer jeeweils alkoholiséiert war.
© Domingos Oliveira

E Sonndeg de Moie war op der A7 op der Héicht vu Miersch een Auto ënnerwee, deen der Police wéinst Verdacht op Alkoholkonsum gemellt gouf. Kuerz drop ass den Auto an engem Gruef um CR115 accidentéiert. Eng Ekipp vun der Police konnt de Chauffer, deen dobäi net blesséiert gouf, untreffen. Well den Alkoholtest positiv war, gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Ee weideren accidentéierten Auto gouf et dann e Sonndeg de Moien och op der Opfaart fir op d’A4 an A13 zu Féiz. Wéi d’Police op der Plaz ukomm war, hu si dat beschiedegt Gefier fonnt, net awer de Chauffer. Kuerz Zäit drop konnt dësen awer fonnt ginn an no engem positiven Alkoholtest gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO