
Wéi de CGDIS mellt, hunn zwou Persoune musse behandelt ginn, well se Damp ageotemt haten. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng, grad ewéi Ambulanze vun Esch a Suessem-Déifferdeng.

Quasi ëm déi selwecht Zäit hat et an engem Haus an der Cité Demy Steichen zu Stengefort gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. Net manner wéi 5 verschidden Asazzentere waren op d’Plaz geruff ginn, dëst vu Stengefort, Habscht, Mamer, Réiden an aus der Stad.
Um 21.40 Auer ass an der Rue Bender op der Stater Gare eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn.
Um Donneschdeg géint 01.15 Auer ass op der A3 Richtung Stad, op der Héicht vun der Aire de Berchem en Auto an d’Leitplanke gerannt. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt.