Zwee Autoe waren deemno op der N7 op der Héicht vun der Fléiber aneneegerannt. Wéi et vun der Plaz heescht, goufen zwou Persoune bei der Kollisioun blesséiert a koumen an d’Spidol. Nieft den Ambulancieren an der Police war och de Samu am Asaz.
Kuerz viru 15.30 Auer war d’Streck geraumt.