CGDIS-Ekippen am AsazZwee Blesséierter bei zwee Accidenter an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Samschdegmoie goufen d'Rettungsekippe schonn op zwee verschidden Accidenter geruff. Dat eng Kéier zu Miersch an eng Kéier zu Diddeleng.
© Laurent Weber

Wéi de CGDIS schreift, war géint 3.31 Auer en Auto an der Areler Strooss zu Miersch an e geparkten Auto gerannt. Eng Persoun wier dobäi blesséiert ginn. Um Asaz waren d’Ambulanciere vum Zenter Nordstad an d’Pompjeeë vu Miersch.

Eng 20 Minutte méi spéit war um CR161 tëscht Diddeleng an dem Echangeur Diddeleng-Zentrum e weideren Auto accidentéiert. Och hei gouf et ee Blesséierten, dee vun de Rettungsdéngschter vun Diddeleng versuergt gouf.

Back to Top
CIM LOGO