De CGDIS melltZwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Dënschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Am Westen an am Süde waren et Kollisiounen, bei deenen all Kéier eng Persoun blesséiert ginn ass.
Zwee Blesséierter si mat der Ambulanz an d’Spidol ageliwwert ginn
© Jeannot Ries

Géint 13.15 Auer krut en Automobilist tëscht Näerden a Rippweiler e Bam ze paken. Mat der Ambulanz vu Réiden ass hien an d’Klinik gefouert ginn. D’Pompjeeë vu Biekerech waren op der Plaz.

Um 14.40 Auer war et an der Diddelenger Strooss zu Keel eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, bei där eng Persoun verwonnt ginn ass. Si ass mat der Ambulanz vu Keel an d’Spidol komm, am Asaz waren och d’Pompjeeë vu Keel.

Back to Top
CIM LOGO