
Kuerz no 6 Auer e Freideg de Moien gouf et méi e schwéiert Accident an der Dräikantonsstrooss tëscht Reckeng op der Mess a Betteng op der Mess.
En Auto an e Minibus krute sech frontal ze paken.
Zwou Persoune goufen blesséiert – eng dovun schwéier. D'Streck war eng Zäit ganz gespaart.
Nieft dem SAMU aus der Stad a vun Esch waren d'Pompjeeë vu Monnerech op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi Ambulanze vun Esch a Schëffleng.