
Um Dënschdegmëtteg huet de Parquet per Communiqué matgedeelt, dass et en Asaz vun de franséischen Autoritéiten zesumme mat der Lëtzebuerger Spezialunitéit vun der Police war. Wei et heescht, wieren zwee Männer lokaliséiert ginn, no deenen déi franséischen Autoritéite gesicht hunn.
Béid Männer am Alter vun 29 an 30 Joer gi verdächtegt, als Deel vun enger organiséierter Band ronn 50 Abréch duerchgefouert ze hunn. Dat virop an Haiser an an Appartementer. Déi zwee presuméiert Täter sëtzen aktuell an Untersuchungshaft a wäerte sou séier wéi méiglech un déi franséisch Autoritéiten ausgeliwwert ginn.
De Parquet ënnersträicht dass et bei dësem Asaz eng excellent Kooperatioun gouf tëscht Lëtzebuerg a Paräis.
Um Méindegmëtteg krut d’RTL-Redaktioun e Video geschéckt. Op dësem gesäit een en Auto, deen an der Monnerecher Strooss zu Steebrécken vu banaliséierte Police-Gefierer dozou bruecht gouf, stoen ze bleiwen.
Op Nofro beim Pressebüro vun der Police goufe mir um Méindeg un de Parquet verwisen. Et géif sech nämlech ëm eng juristesch Affär handelen. No engem kuerzen Appell krute mer schrëftlech vum Parquet matgedeelt, datt et sech “effektiv ëm e Policeasaz” gehandelt huet, weider Detailer si mer keng gewuer ginn.

Den Auto gouf an der Monnerecher Strooss kuerz virun der Bushaltestell zum Stoe bruecht. Zu Steebrécken wieren e puer geparkten Autoe beschiedegt ginn. Aenzeie soten och, et wieren op d’mannst zwou Persounen am Auto gewiescht. Eng Persoun hat nach probéiert, ze Fouss ze flüchten, déi konnt awer am Gaart vun engem Awunner vun der Police gestallt ginn. Aenzeie soen och, den Auto wier mat ganz héijer Vitesse, rieds geet vun op d’mannst 100 Kilometer an der Stonn, d’Lëtzebuerger Strooss erofgerannt. Deemno wier den Auto aus dem Raum Leideleng komm.
Wisou et zu dëser uganks als Course-poursuite beschriwwener Sich koum, krute mer an éischten Ufroen un d’Police a Parquet net gesot. Um Dënschdegmoien ass e weidere Mail mat Froen un de Pressebüro vum Parquet gemailt ginn, fir op d’mannst gewuer ze ginn, ob Persoune verhaft goufen. De Mail gouf net beäntwert, ma e Communiqué gemailt.

Communiqué du parquet de Luxembourg relatif à l’arrestation de deux hommes à Pontpierre en date du 20 janvier 2025
(21.01.2025)
Dans le cadre de l’exécution de deux mandats d’arrêt européens émis le 20 janvier 2025 par les autorités judiciaires françaises, les unités spéciales de la Police grand-ducale, ensemble avec la Police judiciaire, Section Répression Grand Banditisme, ont pu localiser les deux hommes recherchés et immobiliser leur voiture le même jour à Pontpierre.
Les deux hommes âgés de 29 et 30 ans sont recherchés par les autorités françaises pour une série d’une cinquantaine de vols en bande organisée dans des maisons et appartements ainsi que d’avoir formé une association de malfaiteurs.
Les auteurs présumés de ces faits sont actuellement en détention au Luxembourg en vue de leur remise dans les meilleurs délais aux autorités françaises.
Le parquet de Luxembourg tient à souligner l’excellente coopération avec les autorités judiciaires et policières françaises.