Ze Fouss iwwer d'Escher A4 geflüchtZwee Onbekannter haten op Bensinnsstatioun zu Monnerech geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet matgedeelt, dass si kuerz no Hallefnuecht zwee Brigange gemellt kruten, déi op enger Bensinnsstatioun zu Monnerech geklaut hätten.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Déi Onéierlech haten e puer Fläschen Alkohol an zwee Sonnebrëller agestach. Nodeems d’Police informéiert war, huet eng Patrull sech op d’Sich gemaach. Déi Verdächteg waren ze Fouss op der Escher A4 ënnerwee, wéi si vun de Poliziste gestallt goufen. Déi geklaute Wuer gouf séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Brigange festgeholl a koumen en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO