CGDISZwee Verwonnter bei Accident um Rouscht, ee Blesséierte bei Hausbrand zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Vun en Dënschdegnomëtteg bis an d'Nuecht era gouf et fir d'Rettungsekippe vum CGDIs sëllegen Asätz wéinst Virfäll mat Blesséierten.
© Laurent Weber

Op der N7, um Rouscht a Richtung Colmer-Bierg ware kuerz no 17 Auer zwee Autoe matenee kollidéiert, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Op der Plaz waren d'Secouristen aus den Asazzentre Colmer-Bierg, Miersch an Nordstad.

Géint 17:30 Auer ass an der Cité Pierre Krier zu Esch eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt ginn. Se gouf vun den Escher Rettungsekippen en charge geholl.

An der Nuecht op e Mëttwoch, géint 1:15 Auer, hat et an der Lëtzebuerger Strooss zu Iechternach an engem Haus gebrannt. Dobäi gouf dem CGDIS-Bulletin no eng Persoun blesséiert. Un de Rettungsaarbechte bedeelegt waren d'Pompjeeë vu Konsdref, Iechternach, Uesweller an e SAMU aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO