No Abroch bei der Police judiciairePresuméierten Täter konnt bei enger Kontroll zu Paräis gepëtzt ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Justiz hat en europäesche Mandat d'arrêt ausgestallt.
Symbolbild vun enger Festnam mat Handschellen
Symbolbild vun enger Festnam mat Handschellen
© Africaimages

No engem Abroch an de Raimlechkeete vun der Police judiciaire op der Kalchesbréck an der Nuecht vum 16. op de 17. November huet de Parquet direkt eng Enquête lancéiert. Duerch d'Spueren an d'Beweiser um Tatort konnt e Verdächtegen identifizéiert ginn.

Am Kader vun den Ermëttlunge gouf géint dee Mann en europäeschen Haftbefeel ausgestallt. Hie gouf e Samschdegowend zu Paräis vun der franséischer Police kontrolléiert, dobäi ass festgestallt ginn, datt hien duerch d'lëtzebuergesch Justiz gesicht gëtt. Hie gouf doropshi festgeholl.

Déi lëtzebuergesch an déi franséisch Autoritéite schaffen elo zesummen, fir de Verdächtegen op Lëtzebuerg ze iwwerstellen. D'Enquête leeft weider, fir déi genee Ëmstänn vum Abroch opzeklären. Wéi ëmmer gëllt d'Presomptioun d'innocence, bis en definitiivt Geriichtsuerteel virläit.

Pressecommuniqué
Communiqué de presse du Parquet de Luxembourg en relation avec un cambriolage dans les locaux de la Police judiciaire et l’interpellation d’un suspect en France

Back to Top
CIM LOGO