
Géint 14.20 Auer goufen zwee Männer festgeholl, déi an engem Liewensmëttelgeschäft an der Stater Stroossbuerger Strooss vum Sécherheetspersonal beim Klauen erwëscht goufen. Si konnten no weidere Kontrolle mat aneren Déifställ aus Geschäfter an Zesummenhang bruecht ginn a goufen op Uerder vum Parquet e Samschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Da gouf et am Laf vun e Freideg och nees sëllegen Abréch:
Géint 17.30 Auer haten Onéierlecher d’Terrassendier vun engem Haus an der Mierdernacherstrooss zu Steeën opgebrach an hunn dëst duerchwullt.
Och zu Iewerleng an der Haaptstrooss gouf an een Haus agebrach an et goufe Bijoue geklaut.
Géint 20 Auer gouf et dann nach zwee Abréch: Een an der Rue de la cité zu Éinen an een am Dieswee zu Esch. A béide Fäll goufe Wäertgéigestänn respektiv Sue geklaut. Enquêtë si vun der Police lancéiert ginn.