Géint Kanner- an AltersaarmutZwou nei cibléiert finanziell Hëllefe goufen ugekënnegt

Francois Aulner
Vum 1. Januar u gëtt et eng nei finanziell Hëllef vun 2.400 € d'Joer fir Stéit mat niddregem Revenu an deenen eng eeler Persoun lieft.
© Arnaud Serexhe / RTL

Bei hirem Untrëtt hat d’CSV-DP Regierung de Kampf géint d’Aarmut als Prioritéit deklaréiert. Gutt 2 Joer méi spéit hunn 3 Ministeren den nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. Den Aktiounsplang wier d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht mat 18 Ministèren a virun allem mat 50 Associatiounen a Leit vum Terrain, huet de Max Hahn, deen de Lead beim Ausschaffe vum Plang hat. E Plang, deen 106 Mesurë virgesäit, dorënner der, déi schonn ëmgesat sinn, mee och neier.

Esou gëtt et vum 1. Januar un eng nei finanziell Hëllef vun 2.400 Euro d’Joer fir Stéit mat niddregem Revenu, an deenen eng eeler Persoun lieft. Fir all zousätzlech eeler Persoun gëtt et nach emol 1.200 Euro. Famille mat niddregen Revenuen a Kanner kréien da vun 2027 un och zousätzlech Hëllef: 300 Euro d’Joer fir e Kand tëscht 4 a 5 Joer, 1.000 Euro vu 6 bis 11 an 3.000 Euro vun 12 bis 25. Bis ewéi ee Revenu kritt een déi Hëllef? De Max Hahn huet op d’Seuilen oder Barèmen vun der Allocation vie chère an der Energiprimm higewisen: déi leie bei ronn 2.700 an 3.400 Euro. An Zukunft ginn d’Hëllefen awer och vun engem gewëssene Montant un degressiv. Dem Familljeminister no wéilt een esou géint Ongerechtegkeetsgefiller goen, déi Leit kënnen hunn, wa se esou just net méi an de Genoss vun Hëllef kommen.

Déi nei Hëllefe ginn 2027 iwweregens mat deenen, déi et scho ginn, gebündelt an heeschen dann d’iwwernächst Joer “Complément vie chère” dem “CVC”. Well d’Regierung wëll schonn hëllefen, andeems et den Zougank zur Hëllef méi einfach an do, wou et méiglech ass, och automatesch un d’Leit geet.

Den nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut

1 Milliard Euro fir 106 Mesuren

D’Sozialministesch Martine Deprez huet hirersäits eng 4. Tranche fir d’Prime de naissance ugekënnegt. Well et hätt ee festgestallt, datt Kanner tëscht 0 an 2 bei de Kannerdokter ginn a mat 4 d’Schoulmedezin an d’Spill kënnt. Tëscht 2 a 4 wier e Lach.

Den Educatiouns- a Logementsminister Claude Meisch, deen huet och widderholl, datt de Staat weider méi bezuelbare Wunnraum géing schafen a sech verschafen. Hien huet un eng Rei finanziell Hëllefsmesuren am Logement, mee och am Beräich Educatioun rappeléiert. An hien huet Detailer iwwert d’Reform vum Chèque Service Accueil fir de Januar ugekënnegt. D’Barèmen géingen hei ugepasst ginn, mee och dem Ënnerscheed tëscht de Käschte bei staatlechen a privaten Strukturen Rechnung gedroe ginn.

Den Aarmutsplang géing alles an allem 1 Milliard Euro am Staatsbudget duerstellen.

“Léiwer d’Aktioun ewéi de Plang”

D’Oppositioun huet den nationalen Aarmutsplang grosso-modo begréisst, et wiere vill gutt Mesuren dran. D’LSAP-Deputéierte Claire Delcourt huet sech méi Efforten um Niveau vum Logement, dorënner den Housing-first-Programmer gewënscht. Ongerechtegkeete beim Alimentatiounsgesetz sollen ofgebaut ginn, huet de Max Hahn hir zu enger anerer Remark iwwert d’Pension alimentaire geäntwert.

D’gréng Deputéiert Djuna Bernard huet bedauert, datt weder eng Hausse vum Mindestloun, nach vun der Mindesrent virgesi sinn. Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum sot, a sengen Ae wieren d’Mesuren en Netz, mee de Problem vun der Aarmut géing net strukturell ugepaakt ginn.

Den ADR-Deputéierten Dan Hardy huet sech virun allem gefrot, firwat all déi Mesuren esou laang gedauert hätten oder dauere géingen. De Max Hahn huet geäntwert, et wiere jo scho vill Mesuren ëmgesat ginn an et hätt ee wéilte mam Terrain schwätzen. Säi Motto wier: “Léiwer d’Aktioun ewéi de Plang”.

Back to Top
CIM LOGO