Et gouf virun allem gekuckt, ob sech un d’Drogen- respektiv Immigratiounsgesetz an d’Reegelen am Zuchverkéier gehale gouf. Et wéilt een och allgemeng méi Policepresenz am ëffentlechen Transport weisen. Kontrolléiert gouf deemno net just bei de Schinnen, ma virun allem an a virun der Gare. Zwou Persoune goufe gepëtzt, déi geklaute Saache bei sech haten. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Donieft huet sech nach erausgestallt, dass si illegal hei am Land waren. Eng aner Persoun krut e Protokoll wéinst dem Verstouss géint d’Droge-Gesetz.