Net "KI" mä SI"Donald Trump reegt sech iwwer Wall Street Journal ob, well si d'Wuert "Kënschtlech Intelligenz" notzen

Kevin Kayser
Den US-President hat virun e puer Wochen en Dekreet ënnerschriwwen, fir d'KI a "Super Intelligenz" ëmzedeefen
AI oder SI: Donald Trump vs Wall Street Journal
Den US-President ass alles anescht wéi begeeschtert, datt sech de Wall Street Journal sech net u säin Dekreet hält.

Viru kuerzem huet den US-President d'Kënschtlech Intelligenz jo als "Super Intelligenz" bezeechent. Him no ass dëst vill méi akkurat, wéi "Kënschtlech Intelligenz", wat soss jiddereen op der Welt benotzt.
Hien huet esouguer en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem hien elo "ganz offiziell" aus der Kënschtlecher Intelligenz d'Super Intelligenz gemaach huet.

Dat awer net jiddereen d'Wuert "Super Intelligence" benotzt, stéisst dem US-President aktuell héich. En Dënschdeg hat hie sech op senger Plattform Truth Social iwwert de "Wall Street Journal" opgereegt, déi dem Trump seng ëmbenannte super Intelligenz nach ëmmer als "Kënschtlech Intelligenz" bezeechnen.

Den Donald Trump war esou rosen doriwwer, datt hien annoncéiert huet, datt hien d'Bezeechnungen "AI" respektiv "Artificial Intelligence" offiziell an alle relevanten Dokumenter wëll verbidden. Dee Begrëff ass dem US-President no nämlech net akkurat genuch.

Back to Top
CIM LOGO