
De franséische President Emmanuel Macron a seng Fra Brigitte féieren zanter Juli 2025 e juristesche Kampf géint déi rietskonservativ US-Influencerin Candace Owens. Si soll iwwer Méint falsch Behaaptungen an Verschwörungstheorien iwwer d'First Lady vu Frankräich verbreet hunn.
Ënner anerem hat d'Candace Owens behaapt, datt d'Brigitte Macron als Mann op d'Welt komm wier. Si huet souguer eng ganz Podcast-Serie mam Numm "Becoming Brigitte" verëffentlecht an do nach weider Virwërf géint d'Koppel verbreet.
E Riichter am US-Bundesstaat Delaware huet awer en Dënschdeg decidéiert, datt si net perséinlech an dësem Prozess ka verklot ginn. De Grond ass net, datt hir Aussoen als richteg agestuuft goufen. Villméi ass d'Geriicht zu Delaware net fir si als Privatpersoun zoustänneg, well si am Bundesstaat Tennessee wunnt.
Allerdéngs däerf de Prozess géint zwou Firmen, déi mat der Podcasterin verbonne sinn, weider virgoen. Dës sinn zu Delaware registréiert a falen domat an d'Zoustännegkeet vum Geriicht.
D'Candace Owens huet sech op der Plattform X zefridde mat der Decisioun gewisen. Si gesäit an der Klo vun der Koppel eng massiv juristesch Iwwerschreidung duerch en auslännesche Staatschef.
D'Gerüchter iwwer d'Brigitte Macron sinn net nei. Schonn a Frankräich hat si juristesch Schrëtt géint Persounen ënnerholl, déi behaapt haten, si wier fréier e Mann mam Numm Jean-Michel Trogneux gewiescht. Tatsächlech ass dat den Numm vun hirem Brudder.
Zwou Frae waren am September 2024 wéinst der Verbreedung vun dëse Behaaptunge verurteelt ginn. D'Uerteel gouf spéider an der Appellatioun opgehuewen, wougéint d'Brigitte Macron nees juristesch virgaangen ass.