Och no 50 Joer nach ugesotKeng Futtball-Weltmeeschterschaft ouni Panini-Album

Lynn Cruchten
Wat fir déi eng just kleng Stickere sinn, bedeit fir anerer eng Zäitrees duerch d'Futtballgeschicht.
Keng Futtball-Weltmeeschterschaft ouni Panini-Album
Wat fir déi eng just kleng Stickere sinn, bedeit fir déi anerer eng Zäitrees duerch d'Futtballgeschicht.

All puer Joer kënnt de Panini-Hype zeréck. Kanner an Erwuessener sammelen, tauschen a sichen no deene leschte Stickeren, fir hiren Album ze komplettéieren.

Méi wéi 50 Joer no der éischter Editioun ass bei ville Leit d'Passioun nach ëmmer déi selwecht. Mee d'Alben an de Contenu hu liicht geännert. Iwwerdeems den éischten Album vun 1970 - deemools war d'Futtball-WM a Mexiko - grad emol 288 Biller hat, sinn et der dëst Joer bal 1.000.

Sécherlech ass net jiddereen am Panini-Féiwer. Mee wat fir déi eng just kleng Stickere sinn, bedeit fir anerer eng Zäitrees duerch d'Futtballgeschicht.

Vun de Schoulhäff bis op grouss Tausch-Eventer verbënnt de Panini-Kult Generatioune vu Futtballfans op der ganzer Welt.

Back to Top
CIM LOGO