
Zu Colton a Kalifornien war der Police des Woch e Mann gemellt ginn, deen aus engem Zuchwaggon Këschte geklaut an op säi Pick-up gelueden hat.
Den Déif konnt observéiert, verfollegt an duerno och gestoppt a festgeholl ginn. D'Polizisten haten duerno net schlecht gestaunt. De Mann hat 350 Këschten opgelueden, déi voll mat neien "Hot Weels" Autoe waren. De Wäert soll bei ronn 54.000 Dollar leien.
Kuckt am Video, wéi d'Police den Täter observéiert an no der Dot festhëlt: