Dir kënnt d'Playlist matbestëmmenDen 30. Oktober leeft nëmme Musek aus den 80er um Radio

RTL Lëtzebuerg
De leschte Freideg am Oktober steet d'Musek aus den 80er nees am Mëttelpunkt um Radio.
© RTL Grafik

Mixtapes, Schëllerpolsteren a Vokuhila: Wosst Dir, dass RTL Zäitreesen erméiglecht? An zwar zeréck an d'80er!

Dëse Freideg huele mir Iech mat an dat geckegt Joerzéngt.

De ganzen Dag iwwer spille mer déi gréissten Hits aus den 80s.

Vu moies 5 Auer bis um Mëtternuecht spille mir d'Klassiker an d'Hits aus der Kultjoerzéngt. An dobäi kënnt och Dir ee Wuert matschwätzen an eise Museksprogramm matbestëmmen. Well um 80er-Dag leeft op RTL déi Musek, déi Dir Iech wënscht.

Fëllt dofir einfach eise Formulaire hei drënner aus a scho weess eis Museksredaktioun, wat ageplangt muss ginn.

Dir kënnt Är Propos bis den 29. Oktober um 12 Auer mëttes ofginn.

Back to Top
CIM LOGO