
Jonker am Alter tëscht 15 a 21 Joer kënnen hei bei wëssenschaftlechen Challengë matmaachen an d'Leit, déi fir d'Emissioun "Take Off" schaffen, kenneléieren. D'Roadshow ass en Donneschdeg de 4. Juni vun 12 bis 17 Auer.
Zil ass et, Jonker fir déi nei Staffel "Take Off", déi am Summer gedréint gëtt, ze fannen. Et ass mëttlerweil déi véiert Staffel vun der Sendung.