GesondheetstippAlkohol bei Fraen

Patrick Greis
Mir sinn an der Zäit vu Chrëschtmäert, Chrëschtfeieren a Familljefester. Do gëtt et hei an do e Gliesche Wäin oder Glühwäin, zu deem ee schwéier kann Nee soen, obwuel d'Dokteren ëmmer virum Alkohol warnen.
© Patrick Greis

Alkohol bei Fraen

Den Dokter Marc Keipes, aus dem Gesondheetszenter op der Gare huet neit Zuelematerial dat d’Warnung confirméiert.

“Nach virun e puer Joren hunn ech menge Patienten ganz graff geschat gesot: ‘Tubak bréngt 1 Fëmmert vun 2 ëm, Alkohol 1 Mann vun 10 an 1 Fra vun 20.’ Dat stëmmt esou net méi. An dëser neister Etüd geet d’Stierflechkeet duerch Alkohol bei de Fraen an deenen leschte 5 Joer ëm 35 % erop, bei de Männer sinn et der 27 %. An där Etüd hu 45 % vun den Damme gesot ,dass si Alkohol gedronk hätten am leschte Mount, versus 50 % vun de Männer. Och d’Komadrénke geet immens erop.”
Den Alkoholkonsum féiert bei de Männer an de Fraen dann och zu ënnerschiddleche gesondheetleche Suitten.

“Bei de selwechte Quantitéiten Alkohol, Fra wéi Mann, geet d’Toxicitéit bei de Frae méi erop. Si hu bei gläicher Gréisst ,manner Muskelmass a manner Waasserquantitéit op deen den Alkohol sech verdeelt a verdënnt. Och déi Enzymer, déi den Alkohol beim Mann schonn am Mo ofbauen, ier den Alkohol absorbéiert gëtt, an och an der Liewer si manner bei Fraen, doduercher geet d’Alcoolémie bei hin méi héich erop an och méi laang unhalend erop, wa se déi selwecht Quantitéit gedronk hunn. Am beschte sou mann wéi méiglech drénken, zwee Deeg pro Woch pausen, als Fra ënner 5 Glieser pro Woch bleiwen, Männer idealerweis ënner 10.”

Back to Top
CIM LOGO