GesondheetstippFertilitéit

Patrick Greis
Fruchtbarkeet, e Wuert dat déi biologesch Kapazitéit bezeechent fir Kanner ze kréien
© Pixabay

Den Dokter Marc Keipes fänkt awer net bei Adam an Eva un.

Schwätze mir emol iwwer Fertilitéit. Keng Angscht, ech kommen Iech lo net mat de Beien an Blummen oder mat de Bëbeeën aus dem Kabes. Si sinn jo eigentlech meeschtens méi séier gemaach wéi gezillt, mee awer net ëmmer. Fir dës Fuerschung ass eng Enquête gemaach ginn an 12 europäesche Länner. Weltwäit hëlt d’Bevëlkerung jo nach ëmmer weider zou, wann och net méi grad sou rasant. An Europa musse mer eis geschwënn Suergen maachen, dass d’Populatioun schrumpft. An der Moyenne, kritt eng Fra, där Etüd no 1,46 Kanner an hirem Liewen. An eng Persoun vun 6 ass leider mat onfräiwëlleger Infertilitéit konfrontéiert. Aus der Etüd geet ervir, dass vill Jonker ze wéineg iwwer de Sujet wëssen, an och net bei de Professionellen aus der Gesondheet nofroen. Par konter, 30% vun den ënner 40 järegen wëllen als Choix keng Kanner.

Komme mer bei d’Ursaachen, déi bestëmmt villfälteg sinn.

d’Auteuren erklären den Desintressi um Elteren sinn, duerch zum Deel de Mangel u Wëssen iwwer d’Fertilitéit. D’Hallschecht vun de Gefroten woussten zum Beispill net dass d’Fertilitéit mam Alter ofhëlt. Déi ekonomesch a weltpolitesch Instabilitéit gëtt am dacksten als Grond fir de Choix e Liewen ouni Kanner ze féieren zitéiert, mee als zweet Positioun war och deen, den eegene Pläng an den perséinleche Liewensziler Prioritéit ze ginn. D’Implicatiounen zesummen mat dem Älteren vun der Populatioun sinn immens.

Fruchtbarkeet, e Wuert dat déi biologesch Kapazitéit bezeechent fir Kanner ze kréien

Back to Top
CIM LOGO