GesondheetstippHäerzinfarkt an Hiereschlag

Patrick Greis
Wéi een d'Liewenszäit verlängere kann.
© Patrick Greis

Den Dr Marc Keipes huet nei Erkenntnisser, well hien ass op Zuelematerial gestouss, dat eppes ausseet.

Dës Etüd ass interessant, well se huet 9 Mio Participant’en déi tëscht 13 an 18 Joer iwwerwaacht gi sinn. An deem Zäitraum koum et zu 600.000 esou Fäll. Bei iwwer 99% vun deene Fäll konnt op d’mannst 1, meeschtens esouguer méi Risikofacteuren identifizéiert ginn. E Schlag geet eben net un ier déi éischt Symptomer kommen, mee et ass de Schluss vun asymptomateschen Problemer a Krankheeten, déi een 10-20-30 Joer a méi mat sech ronderëm schleeft. Si maachen d’Oderen, de ganzen Häerzkreeslaf lues a lues méi schlecht an oft war de Bluttdrock net do, wou e sollt, nämlech ze héich.

Masseg gesondheetlech Problemer, an dat ass leider nach net alles.

Och moderat ze héijen Cholesterol ass dacks fonnt ginn, e bësschen Zocker, Tubak an déi aner Risike si bekannt. Also, wann dës Risikofacteuren awer sou fréi wéi méiglech identifizéiert ginn, also net nëmmen de Contrôle technique vum Auto zu Sandweiler maachen, mee wann een och seng perséinlech Karosserie an de Motor checke léisst, an dann och déi Saachen, wou een e Lach gepëtzt kritt behandelt, oder Risikoe verbessert, da funktionéieren d’Oderen, d’Häerz an de Kapp méi laang an da bleiwe mir gesond.

Iddi wéi een d’Liewenszäit verlängere kann

Back to Top
CIM LOGO