GesondheetstippKriibs bei jonke Fraen

Patrick Greis
Wéi d'Prinzessin Kate a Groussbritannien public gemaach hat, dass si Kriibs hätt, war den Thema vu méi heefege Fäll vu Kriibs bei jonke Fraen an de Medien.
© Patrick Greis

Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare stäipt sech haut op de ‘Rapport vun der American Cancer Society’ vun 2025, deen eng Confirmatioun vun dëser Meenung geliwwert huet.

Bei den ënner 50 järegen sinn d’Kriibsdiagnosen zu 2/3 Fraen, a kloer um klammen. Bei de Männer ass et jee no Kriibszort ënnerschiddlech mee global awer stabil an den Zuelen. Duerch d’Impfung ass de Gebärmutterhalskriibs zwar um Réckzuch, mee Broschtkriibs, Dickdaarmkriibs an Endometer geet kloer erop. Als Grënn gi genannt, dass d’Obesitéit zouhëlt, d’Muskelmass bei Fraen erofgeet, dee méi fréien a méi staarken Alkoholkonsum, ultraverschafften Iesswueren, mee och aner Ëmweltgëfter kommen a Fro. An dann och, dass d’Pubertéit ëmmer méi fréi asetzt, och duerch d’Iwwergewiicht favoriséiert.

Et kann een eppes maache fir deem entgéint ze wierken, a sou schwéier kléngt et och emol net.

5 Portioune, also eng Handvoll Geméis an Uebst pro Dag iessen, net fëmmen oder sou séier wéi méiglech domat ophalen, sou ma wéi méiglech Alkohol, mee virun allem 3 Stonnen Sport pro Woch, brénge kloer Reduktioune vum Risk an esou bleift Dir Dammen gesond.

Wéi d’Prinzessin Kate a Groussbritannien public gemaach hat, dass si Kriibs hätt, war den Thema vu méi heefegen Fäll vu Kriibs bei jonke Fraen an de Medien

Back to Top
CIM LOGO