
Den Dr Marc Keipes, mat enger Bestandsopnam, awer och mat klenge gudde Rotschléi déi net wéi dinn an awer fir spéider hëllefen.
Pankreaskriibs mécht de Patienten awer och den Dokteren Angscht, well en ëmmer méi spéit fonnt gëtt, aggressiv evoluéiert, an et wéineg Therapien gëtt. Hei emol e Liichtbléck fir d'Preventioun. An enger Analyse déi sech aus 30 Studien zesummegesat huet, waren 2,5 Millioune Leit an der Moyenne 16 Joer suivéiert ginn. Licht iwwer 10.000 kruten Bauchspeicheldrüsenkriibs. All Risikofacteuren wéi fëmmen, BMI, Zockerkrankheet a Sport sinn erausgerechent ginn.
Et soll een net just um Téléviedag iwwer Kriibs schwätzen, awer och.