GesondheetstippKriibspreventioun

Patrick Greis
Alkohol ass e Problem.
© Patrick Greis

Zu Lëtzebuerg ginn all Joer ronn 3.000 nei Kriibs-Diagnosen gestallt. D’Bekämpfung vun dëser Krankheet gëtt am Kader vum Nationale Kriibsplang struktuéiert, d.h. d’Präventioun, d’Diagnos an d’Behandlung. Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare beschäftegt sech haut mat der Preventioun.

Pankreaskriibs mech de Patienten an och den Dokteren Angscht, well en ëmmer spéit fonnt gëtt, aggressiv evoluéiert, an et wéineg gutt Therapien gëtt. Hei mol e Liichtbléck fir d’Preventioun. An enger Analyse déi sech aus 30 Studien zesummesetzt, waren 2,5 Millioune Leit an der Moyenne 16 Joer suivéiert ginn. Liicht iwwer 10.000 kruten Bauchspeicheldrüsenkriibs. All Risikofacteuren wéi Fëmmen, BMI, Zockerkrankheet a Sport sinn erausgerechent ginn.

A festgestallt gouf. Alkohol ass dee gréisste Risiko.

Am Verglach zu Leit déi bal näischt gedronk hunn, also 0-5g Alkohol pro Dag an der Moyenne, war par Rapport zu deene Leit déi 30-60g den Dag gedronk hunn de Risiko fir Pankreaskriibs schonn 12% méi héich. Déi, déi méi wéi 60gr pro Dag intus haten souguer 32%, an all weider méi héich Consommatioun huet de Risiko weider erop gedriwwen. Den Typ Alkohol ass och gekuckt ginn. Haaptsächlech Béier an Héichprozenteges setzt de Risk erop. Wäin huet dat am mannste gemaach. Als Konklusioun: Am beschten sou mann wéi méiglech drénken ass am gesondsten. Net nëmme fir Pankreaskriibs mee och fir aner Zorte Kriibs. Drénkt zu Ofwiesslung och emol Alkoholfräies, maacht op d’mannst 1 Dag an der Woch eng Paus, da bleift dir gesond.

T’kann ee sech jo vill Saachen kafen wann ee Suen huet, awer bei der Gesondheet klappt dat net. Dofir hëllef Iech selwer ier et ze spéit ass.

Alkohol ass e grousse Problem

Back to Top
CIM LOGO