GesondheetstippPlacebo - Nocebo

Patrick Greis
De Glawe versetzt Bierger.
© Patrick Greis

Wann ee fest un eppes gleeft, an dovunner iwwerzeegt ass, dann ass dat vill wäert. Och bei der Gesondheet, do kënnt de Placebo mat an d’Spill - wann ee Pëllen hëlt - deen nawell gären eng positiv Wierkung huet. Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare bréngt haut nach en anert Wuert mat an d’Spill, de Nocebo.

Leider kann eis Meenung, de Glawen u Behandlungen, eis Abildungskraaft och géint eis schaffen. Da kann een vun Noceboeffekt schwätzen. Dacks kënnt deen Effekt duerch eng negativ Attente, e Prejugé, eng Angscht oder sech widdersetze wou dat erëmgespigelt gëtt. Den Effekt geschitt net nëmme well een de mode d’emploi gelies huet a sech de Flizkacka bei der Antibiotikatherapie abilt.

Bei Placebo kontrolléierten Etuden gi jo net nëmmen d’Wierkung vun neien Medikamenter getest, mee och d’Niewewierkungen. E Beispill.

Bei ze vill Schmäerzmëttel kann een de Mo wéi kréien, souguer e Moschwier. Bei de Leit ënner Placebo ass dat net duerch Behandlung, mee entweder duerch Zoufall oder de Noceboeffekt. Wann also elo an engem Medikamentegrupp duebel sou vill Leit de Mo wéi kréien, soe mer emol 20%, mee de Placebogrupp 10% huet da verdréit net ee Patient vu 5 d’Medikament net sou gutt, mee nëmmen 1 vun 10. Am beschte vill Beweegung, gesond iessen, net fëmmen, a sou wéineg Alkohol wéi méiglech, dann bleift der gesond, ouni Pëllen.

De Glawen versetzt Bierger

Back to Top
CIM LOGO