GesondheetstippTubak a Konsequenzen op d'Kanner

Patrick Greis
Gi Kanner vu Pappen déi fëmme méi séier al?
© AFP

Dass fëmme schiedlech ass fir eis, wësse mir all. Dass schwanger Fraen duerch fëmmen hire Kanner schueden, och. Mee, dass d’Kanner vu Pappen déi fëmmen, méi séier al ginn, in extenso méi séier warscheinlech krank ginn, ass nei. Den Dr Marc Keipes aus dem Gesondheetszenter op der Gare mat de Fakten.

An dëser Etüd sinn eng 900 Kanner no Modifikatiounen an der Epigenetik (also d’Wëssenschaft déi kuckt op eis Genen un- oder ausgeschalt sinn) bei Marqueuren déi bekanntermoossen zum alteren féieren, getest ginn. Mir hunn heiansdo Genen déi schiedlech sinn, mee wa se ausgeschalt sinn ass dat net sou schlëmm. Wann de Papp spéit ugefaangen huet ze fëmmen, war den Ënnerscheed vum biologeschen Alter zum chronologeschen, also deem no der Identitéitskaart, ganz kleng.

© Patrick Greis

An elo komme mer bei déi, déi scho ganz fréi eng Zigarett ugepaakt hunn.

Wann de Papp awer schonn virum der Pubertéit ugefaangen huet ze fëmmen, geet den biologeschen Alter ëm 9-12 Méint erop. Wann dann nach zousätzlech den eventuellen Tubakkonsum vun de jeeweilege Kanner derbäi kënnt, war den Ecart 14-15 Méint. De fréien Tubakkonsum schéngt epigenetesch Modifikatiounen an de Spermien ze maachen, déi da leider verierft ginn. Déi Modifikatioune favoriséieren den Auteuren no Kriibs an Demenz an dat wëll jo kee fir säin Kand. Also nach e gudde Grond d’Fëmmen ofzeschafen.

dass d’Kanner vu Pappen déi fëmmen, méi séier al ginn

Back to Top
CIM LOGO