All Joer de 7. JuniWorld Food Safety Day

Nicky Soisson
E Sonndeg war den Internationalen Dag vun der Liewensmëttelsécherheet, deen Dag op deem op d'Wichtegkeet vun der Liewensmëttelsécherheet opmierksam gemaach gëtt.
© www.pixabay.com

12/06/2026 World Food Safety Day

Firwat sou en Dag och haut nach vu grousser Wichtegkeet ass, erkläert de Patrick Hau vun der ALVA:

"Well et do drëms geet, datt weltwäit gesinn nach ëmmer ganz vill Leit mat Liewensmëttel krank ginn, och schwéier krank ginn, kënnen och nach ëmmer Leit u Liewensmëttel stierwen, wann déi net einwandfrei preparéiert goufen."

Vum Feld op den Teller heescht et sou schéin wann et ëm d'Liewensmëttelkette geet an do droen direkt 3 Acteuren hier Responsabilitéit. Ugefaange mam Produzent:

"E Produzent vu Liewensmëttel, deen ass responsabel, fir just Produiten op de Maart ze setzen, di sécher sinn. A fir dat sécher ze stellen, maache si eng ganz Rei intern Qualitéitskontrollen a setzen da just Produiten op de Maart, déi sécher sinn."))Da gëllt et awer och eng Autoritéit ze hunn, déi dat Ganzt kontrolléiert. An dat ass hei am Land d'ALVA:

"Mir si responsabel fir offiziell Kontrollsystemer ze hunn, wou mer dann zousätzlech iwwerpréiwen, datt den Exploitant eebe seng Aarbecht mécht. D at heescht mir iwwerpréiwen och Produiten, andeems mer se prélevéieren, analyséiere loossen. An do derniewent gi mer awer och nach an d'Betriber, wou mer Hygièneskontrolle maachen, fir zum Beispill ze iwwerpréiwen, datt d'Betriber sech dann och un déi preventiv Moossnamen halen."

An dann ass et awer och um Konsument selwer dofir ze suergen, dass d'Liewensmëttel anstänneg versuergt ginn. Virop sollt ee scho mol kucken, dass d'Kill-Ketten vum Supermarché bis heem sou kuerz wéi méiglech ënnerbrach gëtt.

"Fir datt schiedlech Bakteerien net kënne wuessen. Dat anert, dat ass dann eeben och en Aen ze hunn op d'Verfallsdatumer. Déi stinn um Produit drop."

An da sollt een doheem och nom FIFO-Prinzip iessen.

"De "first in first out", datt een ëmmer kuckt fir di Produiten, di am, am längsten haltbar sinn, datt een déi och mi laang dann eeben hält, an dann déi aner, déi eng méi eng kuerz Haltbarkeet hunn, virdrun consomméiert. A sech och scho Gedanke mécht wann een akafe geet, wat een da wierklech brauch, datt een evitéiert fir elo ze vill anzekafen, fir dann ze verhënneren, datt ee misst Saachen ewechschmäissen."))Fir d'Leit fir d'Liewensmëttelsécherheet ze sensibiliséieren, gouf dann och elo op europäeschem Niveau eng Campagne lancéiert. Wourëms et hei geet, héiert Dir an 20 Minutten.

Am Kader vum World Food Safety Day huet d'EFSA, d'Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet, dann och eng Sensibiliséierungs-Campagne lancéiert déi hei am Land vun der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung koordinéiert gëtt. 3 Theme ginn hei ervir gehuewen. Ugefaange mat den Narungsergänzungsmëttel déi problematesch kënne sinn:

"Do soll een als Konsument relativ virsiichteg sinn. Et ginn verschidde Problemer domadder. Et ginn zum Beispill verschidde Substanzen, déi kënnen Interaktioune mat Medikamenter hunn, an dofir ass et och wichteg, datt wann een e Complément alimentaire hëlt, datt een dat eng Kéier mat engem professionell de santé, am beschte mat sengem Hausdokter, ofkläert, ob dat Sënn mécht, fir dat ze huelen oder net."

A wann een Narungsergänzungsmëttel anhuele soll, dann ass et de Rot vun der Liewensmëttelkontroll-Autoritéit, ze kucken déi aus séchere Quellen ze bezéien. Dann heescht et awer och op sougenan nten Allegations de santé opzepassen:

"Dat sinn gesondheetsbezunnen Aussoen. Do ass et esou, datt fir iwwerhaapt dierfen sou Aussoen ze maachen, mussen déi wëssenschaftlech iwwerpréift an och beluecht sinn. An do ass et esou, datt an der Vergaangenheet honnerte vu sou Allegatiounen iwwerpréift goufen."

Op securite-alimentaire.lu fënnt een dann och eng ganz Lëscht mat sou autoriséierten Allegatiounen. Ganz problematesch kann et gi wann een ënnert Liewensmëttelallergie leid an d'Allergenen net gekennzeechent sinn. Eppes wat wuel hei am Land nach net ëmmer respektéiert gëtt.

"Bei verpaakte Produiten mussen d'Allergenen dran, déi opgefouert sinn a si mussen och ervirgehuewe sinn. Mir schwätzen hei vun deene 14 Allergenen, déi europäesch reglementéiert sinn. Bei deene Produiten déi "en vrac"verkaaft ginn, wou keng Verpackung derbäi ass, do muss déi Informatioun och schrëftlech virleien."

Wann am Restaurant zum Beispill näischt op der Kaart ze fannen ass, dann zéckt net nozefroe fir déi schrëftlech Informatiounen ze kréien déi all Betrib normalerweis soll kënne virleeën.

Alles ronderëm Liewensmëttelsécherheet hei am Land fannt Dir, wéi gesot, op securite-alimentaire.lu

Back to Top
CIM LOGO