
Am neie Proxy Delhaize GRIDX kënnen d'Clienten elo vun engem Metzlercomptoir vu Maison Steffen profitéieren, mat héichwäertege Fleeschproduiten an der Expertise, déi de lëtzebuergesche Familljebetrib zënter Joren auszeechent. Gläichzäiteg kënnt eng Auswiel u präparéierte Platen aus dem Atelier Steffen no an no an d'Delhaize-Geschäfter am ganze Land. Domat kombinéieren déi zwou Entreprisen traditionellt Handwierk, regionale Know-how a praktesch Léisunge fir den Alldag. D'Initiativ soll de Konsumenten nach méi lokal Produiten, Authentizitéit a Qualitéit ubidden an ënnersträicht den Engagement vu béide Partner fir de lëtzebuergesche Savoir-faire ze valoriséieren.