E Freideg de Moie war d'Stater Buergermeeschtesch eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Etüd iwwert d’Opdeelung vum Bauterrain ënnert de Proprietären "dat muss ee ganz differenzéiert kucken wann een d’Stad kuckt". Dat sot d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Freideg de Moien hei op RTL.

D’DP-Politikerin huet ënnerstrach, datt d’Stad Lëtzebuerg just 2% vum gesamten Territoire wier an d’Hallschent dovunner wier nach gréng. D’Zerwisser vun der Stad Lëtzebuerg géinge sech déi Etüde ganz genee ukucken, huet d’Lydie Polfer annoncéiert.

Zur aktueller Entwécklung vun der Haaptstad sot d’Buergermeeschtesch, et wier een an engem groussen Ëmschwong. 3'000 nei Awunner d’Joer géing weisen, datt Leit och an der Stad wunnen, mä et wier eng Erausfuerderung fir all d’Zerwisser.

Well d’Entwécklung vun der Stad eng dynamesch wier, also net ëmmer d’selwecht, misst ee sech och permanent adaptéieren, sou d’Lydie Polfer. Ugeschwat op déi vill Chantiere sot si, et wier méi Komplexitéit derhannert wéi ee mengt, wann ee säi Frigo opmécht, seng Luucht u mécht, d’Waasser ofleeft.

D'Stad wiisst, d'Chantiere si penibel, mä si géife weisen, datt d'Stad a Beweegung ass. Zum Riseprojet Ban de Gasperich, deen net jidderengem gefält, sot d’Lydie Polfer et soll een him nach eng Chance ginn. Et entsteet do och de gréisste Park vun der Stad an da géing et scho ganz anescht ausgesinn.

D'Lydie Polfer gouf och op hire Koalitiounspartner an der Stad an hiren 1. Schäffe Serge Wilmes ugeschwat, deen ass jo net frou mam neien CSV-President Frank Engel. Et hätt een an der Stad tëscht DP an CSV eng ganz oppen an zilorientéiert Politik. D'Zesummenaarbecht wär ganz gutt. Si wär net an der CSV a si géif de Chrëschtlech Sozialen et iwwerloossen, hir Problemer ze léisen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Lydie Polfer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.