E Mëttwoch de Moie war de President vun der Jeeërfederatioun eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Jeeër sinn net zefridde mat der Regierung, wat d’Mesurë géint déi Afrikanesch Schwéngspescht ugeet. Et misst méi gemaach ginn, seet d’Jeeërfederatioun. Hire President, de Georges Jacobs, war de Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun, fir iwwert hir Fuerderungen ze schwätzen.

Aktuell sinn d'Juegdméiglechkeeten op d'Wëllschwäin ganz staark limitéiert. A mat der afrikanescher Schwéngspescht, déi an der Belsch scho present ass, wär d'Situatioun skandaléis, dat sot de President vun der Jeeërfederatioun Georges Jacobs.

D'Jeeër fuerderen dofir, dass d'Juegd um ganzen Territoire vum Lëtzebuerger Land opgemaach gëtt. Aktuell wär dat just op ronn 1/10 de Fall. Donieft misst een driwwer nodenken, d'Nuets-Juegd als "Mesure d'urgence" anzeféieren, am Allgemenge schwätzt sech de Georges Jacobs awer géint d'Nuets-Juegd aus. Um Feld ass se d'ganzt Joer iwwer erlaabt, am Bësch gëllt aktuell eng Schounzäit vu 6 Wochen, an der „Zone de surveillance“ ass déi awer opgehuewen, mä dat geet net duer, wann een – wéi elo – an engem „Seuchenzeenario“ ass, wéi de President vun der Jeeërfederatioun et nennt.

Klappjuegten, déi et soss just am Hierscht gëtt, missten och elo méiglech sinn, fir d'Wëllschwäin-Populatioun ze reduzéieren.

Donieft misst een driwwer nodenken, d'Nuets-Juegd als Mesure d'Urgence anzeféieren, am Allgemenge schwätzt sech de Georges Jacobs awer géint d'Nuetsjuegd aus. Weider fuerderen d'Jeeër, datt de Grenzzonk mat der Belsch op ronn 60 Kilometer soll verlängert ginn. Aktuell huet d'Regierung 8 Kilometer un der Grenz mat der Belsch virgesinn, dat géif net duer goen.

D'Jeeërfederatioun verlaangt also zousätzlech Méiglechkeeten, fir d'Wëllschwäin ze schéissen. Well wann de Virus géif eriwwer kommen op Lëtzebuerg, dausenden Hausschwäin misste stierwen, de Bësch misst zougemaach ginn, wär dat och en enorme Problem fir den Tourismus. Et wär eng Saach vun der Verantwortung, seet de Georges Jacobs.

AUDIO: REPLAY: Georges Jacobs - Invité vun der Redaktioun

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.