E Freideg de Moie war den neie President vun der Bauerenzentral eisen Invité vun der Redaktioun.

De Bioaktiounsplang wier net realistesch. Op Bio ëmstellen, do géinge sech vill Bauere schwéier dinn, ënner anerem aus finanzielle Grënn. Dat sot e Freideg de Moien de Christian Wester, neie President vun der Bauerenzentral.

D'politesch Diskussioune géife leider dacks reng ideologesch gefouert ginn an d'Bauere géingen diffaméiert ginn. Den Dialog mat der Politik géif ze wënschen iwwereg loossen. Den Ëmweltministère géing wuel d'Fiedem am Landwirtschaftsministère matzéien.

D'Bauere wieren déi éischt, déi vum Klimawandel betraff wieren, do géing ee proaktiv virgoen. D'Wanterklulture stéingen de Moment iwwregens gutt do. Et wier awer wichteg, datt et lo net méi ze dacks géing fréieren.

D'Bauere leiden ënnert der Coronakris, ënner anerem de Schwéngsmarché wier agebrach. Datt d'Restauranten zou wieren, dat géingen d'Bauere spieren, ënner anerem well doheem manner héichwäertegt Fleesch géing konsuméiert ginn ewéi am Restaurant.

Déi nei Ekipp vun der Bauerenzentral wëll iwwregens an der Kontinuitéit weiderfueren, d'Presenz op sozialen Netzwierker soll ausgebaut ginn an d'Zeitung „de Bauer“ soll en neie Layout kréien.

Invité vun der Redaktioun: Christian Wester

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.