De Phänomen vu Mobbing hëlt zou an ass méi visibel
E Méindeg de Moie war Mobbing Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Mobbing ASBL huet 20 Joer op e Gesetz gewaart. Dat gouf am Mäerz an der Chamber gestëmmt an dat wier gutt esou, esou d’Directrice vun der Mobbing ASBL, d’Magdalena Mida e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet awer bedauert, dass d’Affer nach ëmmer muss beweisen, dass se gemobbt goufen. Positiv wier dogéint, dass d‘Patrone mussen Ulafstellen op d’Bee stelle fir d’Salariéen, oder nach, dass d’ITM eng verstäerkte Roll kritt.
Allgemeng misst de Phänomen Mobbing anescht ugepaakt ginn, fuerdert d'Invitée. Et misst ee méi matenee wéi géintenee schwätzen a "reparativ" drun erugoen an net just repressiv. D‘Associatioun bräicht definitiv och méi Moyenen. Dat huet d‘Directrice nom Interview nach präziséiert.
Et gëtt méi Mobbing, mee et ass hautdesdaags och méi visibel
Engersäits huet Mobbing zougeholl, anerersäits ass et elo einfach méi visibel. Zanter der Pandemie géingen d'Affer sech manner gewäerde loossen a sech vill méi fréi bei hinne mellen, an donieft hätt een och ëmmer méi Zoulaf, soubal de Sujet an de Medien ass. Et wier dann och ganz wichteg de Phänomen richteg anzegrenzen. Dofir baséiert sech d‘Mobbing Asbl op eng Definitioun vum Psycholog Heinz Leymann, dee 4 Elementer festleet, déi musse virkommen, fir dass ee vu Mobbing ka schwätzen:
Éischtens missten et perséinlech Attacke sinn. Zweetens misst et repetitiv virkommen, also reegelméisseg. Drëttens misst et mat System geschéien, also och ëmmer méi schlëmm ginn. A véiertens misst et iwwer eng länger Dauer geschéien, also op d'mannst 6 Méint.
D'Aarbecht vun der Mobbing Asbl
D'Mobbing Asbl ass déi éischt Ulafstell fir Affer vu Mobbing hei am Land. Si konzentréiere sech allerdéngs op Mobbing op der Aarbechtsplaz. Hir Missioun wier engersäits perséinlech Consultatiounen. Zanter leschtem Joer géinge se och psychologesch Hëllef ubidden op kuerz Dauer, well ee festgestallt hätt, dass vill Affer esou geschiedegt sinn, dass se mol kee chronologesche Rapport vun de Faite kéinten op d'Bee stellen. Anerersäits géinge se preventiv schaffen a Konferenzen a Formatiounen op der Aarbechtsplaz ubidden.
D’Directrice vun der Mobbing ASBL huet och erkläert, wéi si mat Leit ëmginn, déi sech bei hinne mellen. D'Affer sollen opschreiwe wat, wéini geschitt ass. Am Beschten ass et, wa se Beweiser hunn. D’ASBL analyséiert dat dann a kuckt och wéi eng Hëllef fir d’Affer, déi richteg ass. Wann et e Konflikt ass a kee Mobbing, da grad esou gutt: da kéint een eng Mediatioun maachen. Wann et Mobbing ass, da sinn d’Konsequenze méi schlëmm, sou d'Magdalena Mida.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.