E Mëttwoch goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm Gemengefinanzen.

Mir hu leider misse feststellen, dass net vill driwwer geschwat gëtt, dass et ville Gemengen am Land finanziell wierklech net gutt geet, sou de President vun der Gemengegewerkschaft Claude Reuter e Mëttwoch de Moien um RTL-Mikro.

De President vun der FGFC huet bedauert, dass vill géif outgesourced ginn. Vill Projeten hätten och den Uschäin, kee richtegt Konzept respektiv Suivi ze hunn. Fir fair ze sinn, misst een awer och soen, dass de Staat vill op d'Gemenge géif ofdrécken, notamment den ëffentlechen Transport oder d'Maisons relaisen.

Gemengefinanzen a Personal-Kompetenzen zesummeleeën wier kruzial. Dofir stéing ee kloer fir Gemengefusiounen, sou de Claude Reuter: "D'Gemengen-Autonomie an allen Éieren, mä et ass den eenzege Wee, dee Sënn mécht." Eenzel Gemenge-Responsabel misst een do fräiwëlleg zwéngen op dee Wee ze goen.

De Claude Reuter huet Diddeleng, Beetebuerg, an och Esch als Beispiller genannt vu Gemengen, wou d'Finanze Suergen maachen.

Generell géifen dacks Saachen gebaut ginn, déi net wierklech Sënn maachen, op d'mannst net an där Envergure. Et misst ee sech d’Fro stellen ob, Zitat: "Prunkbaute wierklech gebraucht ginn."

Invité vun der Redaktioun: Claude Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.