En Dënschdeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Europawalen.

D'Europawale sinn eis Walen, well Europa ass eisen Haaptsujet. Dat sot den Daniel Silva en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Generalsekretär a Kandidat vun der paneuropäescher Partei "Volt" plädéiert virop fir e méi federaalt Europa. Nëmmen esou kéint d’EU all d’Erausfuerderunge léisen. Bis ewell hätt een nämlech gesinn, dass een Europa vun den eenzele Memberstaate a verschiddenen Dossieren net wäit komm wier.

Méi Europa, manner Nationalstaaten

Konkreet géif dat zum Beispill een europäesche Premier- an een Ausseminister bedeiten oder nach eng gemeinsam Arméi. Et wier wichteg, no baussen eng Persoun ze hunn, déi am Numm vun Europa schwätzt an net wéi e Méindeg, de franséische President Macron, deen de chineesesche President Xi Jinping eleng begréisst.

Keng Unanimitéit méi

D'Unanimitéit fir europäesch Decisioune misst Volt no dann och ofgeschaaft ginn. Duerch e Vetorecht kéinten nämlech  wichteg Decisiounen duerch een eenzege Memberstaat blockéiert ginn. Zum Beispill hätt Ungarn Hëllefe fir d'Ukrain blockéiert. Et misst een eriwwer goe bei eng einfach Majoritéit.

Hoffnung an Europa

Eng aner Prioritéit vu Volt ass zum Beispill nach de Kampf géint de Klimawandel a ganz allgemeng wier Europa e Projet, dee misst Hoffnung op eng besser Zukunft maachen. Sou wéi et zum Beispill bei der Osterweiderung vun der EU de Fall war. Elo misst een dës Hoffnung nees zeréckbréngen, ënnersträicht den Daniel Silva vu Volt.

Volt huet hei am Land zwar nëmmen eng 70 Memberen, mee et géing een dofir bis ewell a 17 Länner untrieden an och vun där Aarbecht profitéieren, déi am Ausland geleescht gëtt. Och hei am Land setzt Volt op Stëmme vun der auslännescher Communautéit. Natierlech wier et ee grousse Sprong vun 2 Prozent, déi een 2019 bei de Walen erreecht huet, op op d’mannst 10 Prozent ze kommen, fir e Sëtz ze kréien. Mee et géing ee lues awer sécher doru schaffen, sou den Daniel Silva.

Invité vun der Redaktioun: Daniel Silva

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.