Uechtert d'Land hunn d'Commerçanten déi nämmlecht Problemer
Méindeg de Moie war de Lëtzebuerger Eenzelhandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Commerce hei am Land ass nach ëmmer attraktiv a wiisst och ëmmer weider, sou de President vun der Luxembourg Retail Federation. De Robert Goeres war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Geschäftswelt wier och an engem permanente Wandel, ënnert anerem well d‘Internet-Generatioun anescht consomméiert. Et ginn natierlech och eng Rei Defien. Administrativ Chargen, d’Inflatioun an de Besoin u qualifizéiertem Personal wieren déi gréissten Erausfuerderungen, mat deenen de Commerce aktuell ze kämpfen hätt, erkläert de Robert Goeres. Et misst ee sech adaptéieren an do sinn, wann de Client do ass.
"De Moien, wou ech aus dem Éislek an d‘Stat gefuer sinn, sinn ech ënnerwee laanscht ee Bäcker gefuer, deen elo zanter zwou Wochen op ass an deenen hir Heures d‘ouvertures si vu 7 Auer moies bis iergendwéi Mëttes oder 1 Auer, well déi sinn an enger klenger Gemeng, éischter an engem Duerf an déi mussen dee Moment do sinn, wou de Client sech och beweegt, wou de Client moies fortfiert a si hu mir erzielt, dass se souguer iwwerleeën, fir elo wann d‘Rentrée nees ass, souguer nach moies e wéineg méi opzemaachen."
Personalmanktem & Online-Handel
Bei engem aneren Bäcker zu Clierf plot ee sech mat anere Problemer. Well si kee Bäcker fënnt, muss d’Patronne 2 Deeg an der Woch de Buttek zou maachen, amplaz vu just engem. Wat de Personalmanktem ugeet, wier et sécher e Problem, dass vill Leit léiwer bei de Staat oder bei eng Gemeng schaffe ginn. Am Eenzelhandel géif et awer och flott Karriärsméiglechkeete ginn, déi misst ee méi an d’Vitrinn stellen. Den Online-Handel wier manner e Problem, am contraire: Et bréicht ee selwer och eng Online-Plattform. De Client géif sech gär 24 Stonnen op 24 informéieren. Fir de President vun der Luxembourg Retail Federation ass kloer, dass een e gesonde Mix tëschent dem physeschen an dem online Handel brauch. Et bréicht een den Online-Handel an et wier een zweet Standbeen. Et muss ee sech adaptéiere kënnen a kreativ sinn, fir dass de Commerce weider leeft a vu supplementäre Plattforme profitéieren. Mat "Lëtzshop" kréich een zu Lëtzebuerg de Commerce vereinfacht.
"Am Handel musse mir haut omnichannel sinn, dat heescht, dir musst souwuel op de soziale Medie sinn, dir musst op den E-Maile sinn, dir hutt den Telefon an dann och eeben eng supplementar Plattform an dann huet een d‘Grande Surfacen, déi sinn organiséiert doranner an dann huet een de Stadkär, wou dann och den Eenzelhandel ass."
Successioun am Commerce
Queesch uechter d‘Land, vun Esch a Péiteng bis erop op Wolz a Clierf sinn d‘Problemer e bëssen déi nämmlecht, wann een de Commerçanten nolauschtert. Eppes, wat een iwwerall erëm héiert, ass de Problem vun der Successioun. Fir de Robert Goeres läit dat dorun, dass net genuch a net fréi genuch doriwwer kommunizéiert gëtt. Initiativen hätt een nämlech genuch. Ugefaange bei der "House of Entrepreneurship" vun der Chambre de Commerce, déi do sinn, fir Businesspläng ze developpéieren oder der Primo-Création, déi vum Wirtschaftsminister Lex Delles opgesat ginn ass, an de Leit, déi fir d'éischt an hirem Liewen e Betrib grënnt hunn, d’Méiglechkeet gëtt, wärend 6 Méint all Mount 2.000 Euro vum Ministère ze kréien, fir seng Käschten ze kompenséieren.
"An da finalement, last but not least hu mir de nach d‘Mutualité de cautionnement, wou Leit, déi ufänken, déi wëllen ee Betrib iwwerhuelen oder wëllen e Cautionnement kënne kréien, dat heescht wa se Garantië mussen hannerloossen, ass d‘Mutualité de cautionnement do, fir se mat ze ënnerstëtzen."
Et misst ee sech ëmmer erëm nei erfannen, fir dass Clientë weiderhi kommen. De Commerce wier an engem permanente Wandel. Inspiréiere géing ee sech bei jonke Leit, déi déi nei Clientë wieren, sou de Robert Goeres. D’Internetgeneratioun géing nämlech anescht consomméieren. Zesumme mat der Chambre de Commerce an der Luxembourg Confideration organiséiert de President vu Luxembourg Retail Federation de Futur de Commerce. En Event, wou de ganzen Dag auslännesch Riedner iwwer déi aktuell an zukünfteg Trends schwätzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.