E Freideg de Moie war ë.a. de Retour vum Donald Trump an d'Wäisst Haus Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Si géif déi Saach "onopgereegt ugoen", mä mir misste konsequent an eis an déi kollektiv Verdeedegung investéieren, sot d'Defenseministesch Yuriko Backes op déi nei Menace vum designéierten US-President, aus der Nato auszetrieden, sollten d'Alliéiert d'USA net fair behandelen. Den Donald Trump huet an deem rezenten Tëleesinterview och nach emol méi eng héich Contributioun vun de Partnerlänner fir d'Nato gefuerdert. D'EU an och Lëtzebuerg hätten an de leschte Joren Efforte gemaach, betount d'DP-Arméisministesch. Haut wier een no beim 2%-Zil. Lëtzebuerg soll bis 2030 mat 1,4 Milliarden Euro d'Joer 2% vum Revenue National Brut ausginn. De Grand-Duché hätt an de leschten zéng Joer d'Investissementer an d'Arméi verdräifacht. Bis 2030 géif sech den Effort dann nach emol verduebelen. Lëtzebuerg hätt der Ministesch no schonn "en incroyable Bäitrag" geleescht. Och fir d'Ukrain z'ënnerstëtzen.
 
"2% Nato-Bäitrag ass elo eise But"
 
Mam Retour vum Donald Trump ass sech z'erwaarden, datt d'USA méi héich Militärausgaben vun den anere Länner fuerderen. Onofhängeg vun den Amerikaner huet och schonn den Nato-Generalsekretär d'Zil vun 3% an Aussiicht gestallt. Scho vum anere Joer un. Dat well déi aktuell Investissementer net duer ginn, fir d'Nato nom russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain sou ze stäerken, datt se adequat ofschrecke kann.

Net méi spéit wéi en Donneschdeg huet den NATO-Generalsekretär Mark Rutte gewarnt, 2% Militärausgaben géifen net duergoen fir ofzeschrecken. Et wier een zwar net am Krich, mä sécher net am Fridden. D’Financial Times hat scho gemellt, d’NATO-Länner kéinte sech um Sommet zu Den Haag d’nächst Joer op eng Hausse vun 3% eenegen.
 
"Mir si ganz wäit ewech vun deem wou mer misste sinn"
 
Lëtzebuerg, grad wéi aner europäescher Länner och, wier haut nach wäit vun deem wou mer misste sinn. Ob elo 2%, 3% oder 4% Nato-Bäitrag, ob wat et ukéim, wiere méi konsequent Investissementer an d'Sécherheet, sot eis Invitée e Freideg. D'Yuriko Backes ass sech bewosst, datt de Grand-Duché net einfach vun haut op muer seng Militärausgaben nach weider eropschrauwe kéint. 2% wiere schonn e groussen Defi fir eis. An et wier wichteg, de Leit z'erklären, firwat dës Suen ausgi ginn. An enger perfekter Welt wier et sécher besser d'Suen, déi elo an de Militärbudget fléissen, fir eppes aneres auszeginn. Mä do wiere mer awer eben net.
 
Positiv wier awer, datt mer antëscht net méi op der allerleschter Plaz stinn, also net méi dat Land sinn, wat am mannste fir d'NATO gëtt. De Grand-Duché ass antëscht den Drëttleschten. Lëtzebuerg wier awer sécher net deen eenzegen, dee Problemer hätt, fir de gefroten Engagementer gerecht ze ginn. 
 
Och d'Amerikaner brauchen Alliéiert
 
Den designéierten US-President Donald Trump hätt iwwerhaapt keen Interessi drun, datt Russland gestäerkt gëtt an d'Nato geschwächt gëtt, dovunner ass d'Yuriko Backes iwwerzeegt. Och weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain wier wesentlech. Sollt d'Land de Krich géint Russland verléieren, hätt dat direkt negativ Konsequenzen, natierlech fir Europa, mä och fir d'Amerikaner. D'USA hätten, hirer Meenung no, all Zäit keen Interessi drun, d'Ukrain falen ze loossen. Den Donald Trump hat viru Kuerzem nach emol gesot, d'Amerikaner géifen déi militäresch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain zréckschrauwen. Ob en dat wierklech mécht, dat géif een da gesinn.
 
Tram: ënnerierdesch duerch d'Neipuertsgaass gëtt schwiereg
 
En anere Sujet am Interview wat dee weideren Ausbau vum Tram. Den Tram ass jo dës Woch fir eng éischt Testfaart bis op de Findel gefuer. Am Mäerz soll dann den normale Betrib ufänken. Wat mat der ënnerierdescher Gare um Findel geschitt, déi u sech jo fir den Zuch gebaut gouf an aus Käschtegrënn gestoppt gi war, wier elo keng Prioritéit fir d'Regierung. Et géifen awer am Ministère Iwwerleeunge gefouert ginn, wat ee mat deem Tunnel kéint maachen. Egal wéi géif et awer deier ginn, sou d'Yuriko Backes an hirer Funktioun als Transportministesch.
 
D'DP-Ministesch war dann nach emol formell. Fir den Ausbau vum Tram wier een déi nächst 10 Joer net op d'Neipuertsgaass ugewisen. Et sollt een ophalen, fir ze maachen, wéi wann dee ganze Projet Tram mat der Neipuertsgaass stoen a fale géif. Déi Responsabel géife sech net dreiwe loossen, fir en neien Tracé op där Plaz auszeschaffen, deen net duerch de Park geet. Den Tram ënnerierdesch fueren ze loossen, wier allerdéngs wéinst de Festungsiwwerreschter schwiereg.

Invité vun der Redaktioun: Yuriko Backes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.