Dräi Joer laang huet de Chantier gedauert, elo ass den éischten Tram um 3,9 Kilometer laangen Deelstéck tëschent dem Kierchbierg an dem Findel gefuer.

E war iwwerpénktlech. Kuerz virun 8 Auer den Dënschdeg de Moien huet den éischten Tram den neien Tunnel ënnert der Tréierer Strooss passéiert an ass um zukünftege Pôle d'Echange Héienhaff agelaf. Eng sëllegen Techniker an Ingenieuren hunn all Meter vun dëser Testfaart am Schrëtttempo begleet. Eng Véierelsstonn drop war et dunn esouwäit: den éischten Tram ass op sengem neien Terminus ukomm. Zefridde Gesiichter bei alle Bedeelegten. Fir den Helge Dorstewitz, Generaldirekter vu Luxtram*, war et ee grousse Moment, well elo déi komplett Tramlinn 1 bal fäerdeg ass. 
 
Mat dësem leschten Tronçon, dee fir d'éischt laanscht d'Tréierer Autobunn an dann iwwert den neie Boulevard Richtung Fluchhafen leeft, wiisst dës Tramlinn 1 vun 12 op 16 Kilometer a vun 22 op 24 Arrêten. De Flughafe gëtt esou endlech adequat un d'Stad ugebonnen. Fir d’Lydie Polfer bréngt dat fir d’Stater Leit ee grousse Plus u Liewensqualitéit a Confort mat sech. Déi nei Streck verleeft iwwregens exklusiv iwwert den Terrain vun der Nidderaanwener Gemeng. Och do freet ee sech schonn op den Tram an d'Méiglechkeeten, déi sech doduerch erginn. Esou soll am Mäerz eng nei Buslinn tëscht de verschiddenen Uertschafte vun der Gemeng an dem Pôle d’Echange Héienhaff en place gesat ginn.

Mam Test vun en Dënschdeg de Moien ass et net gedoen. Déi ganz nächst Woch a Méint wäerte verschidden Testrammen ëmmer erëm tëschent Kierchbierger Depot a Fluchhafen zirkuléieren an dobäi och den Tempo no an no unzéien. Dës Tester si fir all neit Deelstéck néideg, fir eventuell Problemer um Reseau festzestellen an ze behiewen. Dozou gehéiere virun allem d’Stroumleitungen an d’Kräizunge mam Autoverkéier, wéi de Luxtram-Generaldirekter Helge Dorstewitz explizéiert.

Hien erkläert, et wier elo emol besonnesch wichteg, datt d'Sécherheet garantéiert ass. "Mir wäerten elo souzesoen nach emol schrëttweis déi Geschwindegkeet erhéijen, bis mir dann iergendwann op eiser tatsächlechen Vitesse commerciale ugekomm sinn."

De Luxtram-Generaldirekter Helge Dorstewitz

Vum 2. Mäerz u bréngt den Tram net nëmmen Ingenieuren a Politiker op de Fluchhafen, mee och regulär Passagéier. Dat ass zwar e puer Méint méi spéit wéi eigentlech emol geplangt, mee bei esou groussen Infrastrukturprojete géif dee klenge Retard nach ënnert d'Predikat "pénktlech" falen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mer hei den Numm vum fréiere Luxtram-Direkter André von der Marck stoen.