Mir liewen an enger extrem onstabiller Zäit mat Kricher, Krisen a Katastrophen. Natierlech spigelt sech dat och an der Ëmfro erëm.

Vun alle Problemer mécht de Logement de Lëtzebuerger nach ëmmer am meeschte Suergen. 
Dat geet aus dem neiste Politmonitor ervir, deen d'Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert huet.

Politmonitor: Suergen an Aktualitéit / Reportage Pierre Jans

Hannert dem Logement kënnt awer direkt eng nei Suerg: déi "aktuell Weltlag, déi ëmmer méi geféierlech gëtt". 65 Prozent vun de Befrote maache sech grouss Suergen dowéinst. Interessant ze gesinn ass, datt et keen Ënnerscheed gëtt, wat d'Zougehéiregkeet zu enger Partei oder de Grad vun der Bildung betrëfft. Dës Differenz gëtt et awer beim Alter an dem Facteur, datt ee Kanner huet. D'Eltere si méi besuergt, déi ganz jonk tëscht 18 a 24 Joer iwwerdeems sinn déi eenzeg, wou sech manner wéi d’Hallschent vun de Befrote vill Gedanke maachen, bei de Leit iwwer 50 sinn et dogéint dräi Véierels.

Op der drëtter an der véierter Plaz komme mat all Kéiers 50 Prozent e méiglechen Zouwuess vum Rietsextremismus, wat eng international Tendenz ass, an d‘Suitte vum Klimawandel, wou ee wuel un déi rezentste Biller aus Spuenien kann denken.

Iwwer d‘Entwécklung vun der Sécherheet heiheem zerbrieche sech nëmme 35 Prozent de Kapp. Och dat ass sécherlech eng wichteg Informatioun fir d‘Politik.

Abordabele Wunnraum muss d'Prioritéit fir d'Politik sinn

Déi Befrote soen awer kloer: d‘Prioritéit vun de Politiker muss den abordabele Wunnraum sinn. De Pensiounssystem beschäftegt logescherweis haaptsächlech déi Leit, déi schaffen. Ganz Jonker a Leit, déi schonn an der Pensioun sinn, maache sech doriwwer manner Suergen.

Dräi Véierels vun de Befrote sinn awer der Meenung, dass eng Reform néideg ass, an zwar eng, déi och den ëffentlechen Déngscht concernéiert. Nach vill méi déi Leit, déi am Privatsecteur täteg sinn, soen dat. Nëmme 15 Prozent vun de Befrote sinn der Meenung, dass de Rentesystem net muss reforméiert ginn. D‘Hallschent gëtt awer un, net gutt iwwer de System informéiert ze sinn.

Wat d‘Präisdeierecht ugeet, soen 8 vun 10 Leit, déi beim Sondage matgemaach hunn, dass et hirem Stot finanziell gutt, respektiv ganz gutt geet. 15 Prozent hunn uginn hir Situatioun wär net gutt.

Pensiounen: e kontroverst Thema

44 Prozent vun de Befrote maache sech wéinst der Pensiounsreform suergen. Kuckt een den Detail, gesäit een, datt déi Leit, déi schonn an der Pensioun sinn, sech hei manner Gedanke maachen, wéi déi, déi virdru stinn a vun enger Reform och betraff kéinte sinn. Dat sinn d'Alterstranchen tëscht 54 a 65 respektiv 35 a 44 Joer. Fir déi ganz Jonk schéngt dës Problematik nach ze wäit fort ze sinn. Grouss Ënnerscheeder queesch duerch d'Parteielandschaft gëtt et net. Mä déi gesäit een awer gutt tëscht de Leit, déi aus dem Privatsecteur kommen a sech méi Froe stellen iwwert de Pensiounssystem an deene Persounen, déi am ëffentlechen Déngscht schaffen

Da goufen nach dräi ganz spezifesch Froen zu de Pensioune gestallt. Eng ganz kloer Majoritéit ass dann dofir, datt eng Reform och den ëffentleche Secteur an net just de Privatsecteur soll betreffen. Just 14 Prozent vun de Befrote waren hei dogéint. E grousse Konsens gouf et dann och iwwer d'Fro, ob Lëtzebuerg iwwerhaapt eng Reform brauch. Do soe 70 Prozent vun de Leit, Jo.

Froen zur Aktualitéit: USA, Klima a Caritas-Skandal

Knapps iwwer d‘Hallschent vun de Befroten hunn uginn, si géifen dëst Joer nach en Don maache wëllen. 49 Prozent hu Vertrauen a karitativ Organisatiounen. Ilres hat dat wéinst der Caritas-Affär an de Questionnaire integréiert. E Verglach mat engem viregte Politmonitor ass hei net méiglech.

72 Prozent sinn der Meenung, dass et méi staark politesch Mesurë brauch, fir de Klimawandel an de Grëff ze kréien. Dat soen 100 Prozent vun de grénge Stammwieler an dësem Sondage. Ronn 8 vun 10 Leit wären och bereet, fir dat Zil hire Liewensstil ze changéieren.

Bei engem internationale Sujet ware vill vun de Befrote sech eens: 77 Prozent sinn "net averstanen", mat der Ausso, dass et eng gutt Saach wär, dass den Donald Trump nees President an den USA gëtt. 61 Prozent si "guer net averstanen" domat. All déi gréng Stammwieler, déi bei dëser Ëmfro matgemaach hunn, wëllen den Donald Trump net als US-President. Bei der CSV sinn et 78 Prozent. Eenzeg bei der ADR sinn 61 Prozent pro Donald Trump. Allerdéngs waren net vill ADR-Stammwieler bei dëser Ëmfro dobäi an och haaptsächlech Männer.

D'Detailer wéi ëmmer op Alia.lu

Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.063 Leit gefrot. D'Interviewe sinn tëscht dem 18. an dem 26. November iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.

Weider Detailer iwwer d'Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei an op Alia.lu