E Mëttwoch de Moie war ënner anerem d'Sécherheet vun den Zebrasträifen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Lydie Polfer

Et misst een "den enormen Drock, deen op der Stad läit" bedenken, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien hei op RTL. Si huet drop higewisen, datt d'Stad 2% vum Territoire vum Land ausmécht, wouvunner d'Hallschent gréng wier. Anerersäits wieren 20% vun der gesamter Populatioun a 40% vun den Aarbechtsplazen an der Stad konzentréiert.

D’Awunnerzuel an der Stad Lëtzebuerg ass op 135.000 gewuess a wäert nach weider wuessen. Den allgemenge Bebauungsplang (PAG) gesäit e Potential fir 180.000 Awunner, also awer manner ewéi d'Zuel un Aarbechtsplazen. D’Offer kënnt der Demande net no, mee d'Lydie Polfer huet sech e Mëttwoch vehement géint de Virworf gewiert, datt d’Stad Lëtzebuerg de Wunnengsbau géing bremsen, respektiv manner Wunnengen op Projeten erlaben, ewéi der méiglech wieren.

Och datt d’Gemeng e Stack méi bei engem spezifesche Projet net gewollt hätt, wier "net wouer". Si wier "wierklech houfreg", datt "jidderee weess, datt jiddereen d'nämmlecht behandelt gëtt". De PAG géing kloer festleeën, wéi vill op engem Terrain kéint bebaut ginn. Wat Projete géing bremsen, wiere Reklamatioune vun de Leit, déi fannen, e Projet géing hinne schueden, mee dat wier "hiert gutt Recht".

Sträit mam Zentrum fir urban Gerechtegkeet

Net averstanen ass d’Stater Buergermeeschtesch dann och mam Zentrum fir urban Gerechtegkeet (ZUG). D’ASBL seet, 475 Zebrasträifen an der Stad géingen net de Reegelen entspriechen. D'Stad Lëtzebuerg seet, et wieren der just 37. ZUG wëll dowéinst Abléck an Dokumenter vun der Gemeng iwwer d’Sécherheet vun den Zebrasträifen a krut an éischter Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht. D'Stad Lëtzebuerg ass an Appel gaangen. D'Stater Buergermeeschtesch huet e Mëttwoch de Moie Passagen aus dem Gesetz iwwer d’transparent Administratioun zitéiert, déi weise géingen, datt een net automatesch alles misst erausginn, wann Dokumenter zum Beispill nach net fäerdeg wieren oder intern wieren.

Donieft hätt d’ASBL gär Abléck an eng Plattform gehat, wou awer och all d’Donnéeë wieren iwwer d’Kanalisatiounen oder Stroumnetzer. "An dat kann et jo net sinn", esou d’Lydie Polfer. Hei wier et eng Fro vun der Sécherheet vun de Bierger. Si huet op terroristesch Akten um franséische Stroumreseau oder nach de Blackout a Spuenien higewisen.

Datt d’Stad eppes wéilt verstoppen, wier "jo ebe just net wouer", esou d’Lydie Polfer. D'Buergermeeschtesch sot, si hätt de Leit vun ZUG Rendez-vouse ginn, fir an d’Gemeng ze kommen, déi se refuséiert hätten. "Et geet hei net ëm wannen oder net gewannen, et geet hei ëm Kloerheet", esou nach d’Lydie Polfer.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.